
Och zu Wäicherdang an der Gemeng Clierf ginn d’Kanner nach klibberen, wou mir eis e Freideg de Moien ee Bild gemaach hunn. Déi Jonk ware mat vill Engagement bei der Saach, ma et mierkt een awer och, datt et net méi einfach gëtt, fir d’Kiercheliewen ze organiséieren.
Eng hallef Dose Kanner an eng Partie Mammen hate sech um 7 Auer Rendez-vous virun der Wäicherdanger Kierch ginn. Vun hei aus goung et dunn duerch d’Duerf, fir d’Leit zum Gebiet opzeruffen. Déi Aufgab iwwerhuelen um Karfreideg an um Ouschtersamschdeg moies, mëttes an owes d’Klibberkanner, well d’Kiercheklacken tëscht Gréngendonneschdeg an Ouschtersonndeg zu Roum sinn, wéi et heescht.

Zu Wäicherdang sinn et esouguer lauter Massendénger, déi klibbere ginn. Dat ass op villen anere Plazen am Land net méi de Fall, well ee soss net genuch Kanner beienee krit. Datt Karfreideg dëst Joer ee Schouldag ass, mécht d’Saach net méi einfach. De Clierfer Paschtouer Joseph Roemen fënnt et schued, datt et keen Entgéintkomme vum Educatiounsministère gëtt.
“D’Klibberen ass jo am Dezember 2022 zum immaterielle Kulturierwen erkläert ginn hei vu Lëtzebuerg. A wa mer d’Kultur wëllen ënnerstëtzen, da musse mer eis och d’Moyene ginn, fir déi Kultur ze exerzéieren, ze liewen. Ech ka mech nach erënneren, souguer wa Karfreideg mol eng Kéier Schoul sollt gewiescht sinn, dann ass d’Regierung nach higaangen an huet mëttes Schoulfräi ginn.”
Méi nach wéi op d’Entgéintkomme vun der Regierung ass een op d’Mataarbecht vu Fräiwëllegen ugewisen. D’Marianne Schroeder engagéiert sech zanter 25 Joer eleng zu Wäicherdang a gëllt als déi gutt Séil vun der Kierchegemeinschaft. Ronderëm Ouschteren ass si nawell gutt beschäftegt.
“Et ass haaptsächlech an der Kierch. An der Kierch gëtt grouss Ouschterbotz gemaach, muer hu mer eis Ouschtermass an da muss och bëssi gerëscht sinn. An dann hu mer ee Gesank, wou mer nach Prouwen hunn, sou datt bëssi méi Aarbecht ass wéi normal.”
Och de Rescht vum Joer ass si ganz aktiv, ma si géing et gäre maachen, well si bei der Aarbecht an der Kierch hir Rou hätt. Fillt si sech als Fra an der kathoulescher Kierch dann och genuch geschätzt?
“Also, ech weess lo net, wéi et weltwäit ass, wéi ech do geschätzt ginn, mee hei zu Wäicherdang muss ech éierlech soen, hunn ech als Fra absolut kee Problem.”
