Majoritéit un Demandë koum aus EritreaZuel un Asyldemanden ass déi lescht 2 Méint zeréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
Bis Enn Juli goufen et ronn 970 Demandë fir internationale Schutz, esou d'Direktioun fir d’Immigratioun vum Inneministère e Freideg.
© RTL Archiv

Zur selwechter Zäit déi lescht 2 Joer ware schonn iwwer 1.200, respektiv 1.100 Demanden enregistréiert ginn.

Déi meescht Asyldemandë goufen dëst Joer bis ewell vu Leit aus Eritrea gemaach. Hannendru komme Syrien, Kolumbien a Venezuela.

Wat d’Decisiounen ugeet: am Juli kruten 79 Demandeuren de Statut accordéiert. 73 Mol gouf et e Refus. 45 Mol gouf en Transfert decidéiert. Dat heescht, den Demandeur hätt misse schonn am éischte Land, wou en ukoum, eng Demande maachen. Am Juli goufen och 20 Asyldemandeuren an en anert EU-Land transferéiert.

Link: Déi ganz Statistike fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO