Offices sociauxZuel un "Energie-aarmen" Leit zu Lëtzebuerg kéint bis Enn dës Joers explodéieren

RTL Lëtzebuerg
Bis ewell gëtt et just eng liicht Hausse vu Cliente bei den Offices sociaux. De groussen Ustuerm gëtt sech awer fir Enn des Joers erwaart.

3.000 Euro méi Energiekäschten d’Joer. Vun Oktober u kascht de Gas ëm dat duebelt par Rapport zum September – d’Noriichten iwwert d’Präisevolutioun depriméiert déi eng – ma esou muncher ee kënnt ferm un d’Zidderen. Leit mat wéineg Suen trëfft d’Präisdeierecht haart. Wie finanziell um Limitt lieft, riskéiert op Hëllef vun den Offices sociaux ugewisen ze sinn. Bis ewell gëtt et just eng liicht Hausse vu Clienten – de groussen Ustuerm gëtt sech awer fir Enn dës Joer erwaart.

2020 goufen 3,6 Prozent vun der Populatioun zu Lëtzebuerg als “Energie-aarm” kategoriséiert. Dat si gutt 22.000 Awunner. Eng Zuel, déi bis Enn vun dësem Joer kéint explodéieren, esou de Jean-Paul Reuter, vum Office social zu Déifferdeng: “Et brauch een nëmmen 1 an 1 zesummen ze rechnen, fir ze wëssen, datt fréier oder spéider d’Leit hir Reserven opgebraucht hunn. D’Leit riets a lénks probéiert hunn anzespueren. Mee wann dat bis net méi hëlleft an ech de Loyer oder de Gas net méi bezuelt kréien, da gëtt et richteg seriö.”

Déi lescht 3 Joer - mat 2 Krisen - hunn dës Reserve gäre mol ausgedréchent. Nei Umeldungen an den Offices sociaux goufen et dëst Joer wéineg, dës sinn, aus Houfert, dacks de leschte Schrëtt. Och fir eng Mëttelschicht, déi ëmmer méi betraff ass, erkläert de Jean-Paul Reuter: “Leit, déi u sech ni e Problem haten, fir iwwert d’Ronnen ze kommen, déi anstänneg Paien hunn, déi an der Reegel net vun Hëllefen ofhängeg sinn, bei deene fänkt et elo och u schwiereg ze ginn. Do spiert een, datt d’Nervositéit méi grouss gëtt.”

An der Epicerie sociale vun der Caritas zu Esch ginn aktuell eng 280 Stéit de Mount mat deem Néidegste versuergt. Och hei spiert een d’Nervositéit vun der Clientèle – d’Präisdeierecht ass quasi all Dag e Sujet. “Bis elo ass d’Zuel vun eise Clienten net eropgaangen, mee sinn zimmlech stabil bliwwen”, erkläert Deborah Simoes, Gerante vun der Epicerie. “Mee ech fäerte ganz, datt bis d’Enn vum Joer de groussen Ustuerm wäert kommen.”

Dem europäesche Gewerkschaftsinstitut no huet e Lëtzebuerger mam Mindestloun am Juli misse 25 Deeg schaffen, fir seng Energie-Käschte fir ee Joer ze bezuelen. Dat riskéiert, sech elo bal ze verduebelen. Moossname ginn e Sonndeg an der Tripartite diskutéiert – déi Betraffe wënsche sech kloer Resultater. Esou och den Helder. Hie lieft eleng mat engem Mindestloun: “Ech schaffen den Ament mat engem Salaire vun 2.200 de Mount. Enn des Mounts ass quasi guer näischt méi do. Ech bezuele Facturë vun 300 Euro fir de Gas. Déi Primm, déi mer Ugangs vum Joer kritt hunn, geet vu fir bis hannen net bis Enn des Joers duer. Waasser, Stroum e Kredit vum Haus, esou ee wéi ech kënnt net méi no. Et misst eng Hëllef oder eng Primm vum Staat kommen. Jonk Leit kommen net méi no a mir musse Recours op Servicer ewéi dës vun der Caritas huelen. Eis Paie ginn net méi fir ze liewen duer.”

D’Offices sociaux riskéieren am Wanter iwwerlaf ze ginn. Hei wënscht ee sech direkt Hëllefen un d’Leit, fir e Service, deen am Fong net fir Krisesituatiounen opgestallt ass, ze schounen. De Jean-Paul Reuter: “De Leit ze hëllefen, ass eisen “Daily Business”. Dofir si mer och do. Dat ass eis Missioun. Et riskéiert eebe just eng kéier, datt d’Servicer iwwerfuerdert si mat all den Demanden, déi erakommen an da net méi dat gestëmmt kréien, mat deene Moyennen, déi se hunn.”

Eppes hunn déi dräi Interviewpartner sécher gemeinsam: dëse Weekend gëtt gespaant op d’Sennenger Schlass gekuckt.

Back to Top
CIM LOGO