Vill Aarbecht fir de CGDISZuel vu Vegetatiounsbränn zu Lëtzebuerg klëmmt

Jeannot Ries
Zwee Mol den Dag hunn d'Pompjeeë am Juli missen op den Terrain wéinst Vegetatiounsbränn. Asätz, déi de Summer iwwer ëmmer méi heefeg ginn.
VIDEO: Am Juli hat de CGDIS 242 Asätz wéinst Feier
Zwee Mol den Dag hunn d'Pompjeeë missen op den Terrain wéinst Vegetatiounsbränn. Asätz, déi de Summer iwwer ëmmer méi heefeg ginn.

De Juli war een ustrengende Mount fir d'Lëtzebuerger Pompjeeën. 242 Asätz wéinst Feier huet de CGDIS zréckbehalen. Eng Zuel, déi an den nächste Jore wuel nach dierft weider klammen.

Viru genee engem Joer gouf et e Groussbrand am Éislek, deem seng Schied nach haut kloer ze gesi sinn. An aus deem och Léiere gezu goufen.

Den Hang tëscht Schlënnermanescht a Konstem. D’Spure vum Brand si weider kloer ze gesinn. Verkuelte Buedem. Ofgestuerwen Dännen. Iwwer 18 Stonnen hat den Asaz virun 12 Méint gedauert. An enger E-Mail hat d’Gemeng Buerschent deene Merci gesot, déi "Dank hirem Asaz, eng Katastroph verhënnert hunn".

Bëschbränn oder aus Lëtzebuerger Siicht éischter Vegetatiounsbränn ginn ëmmer méi zu enger Erausfuerderung. Eleng de leschte Mount krut de CGDIS der 67 gemellt. E Grond firwat och hei elo een Nationalkonzept ausgeschafft gëtt.

Ganz spezifesch Bëschbrand-Gefierer ginn et der eng hallef Dosen hei am Land. Material wat an Zukunft flächendeckend standardiséiert soll ginn.

Wéi grouss d'Erausfuerderung fir d’Ekippen um Terrain ass, hu virun zwou Wochen zwou Interventioune gewisen:
Zu Ëtteng, just déisäit der Grenz, bei Rëmeleng gouf et ee grousst Feier. An engem Nomëtteg ass hei eng Fläch, sou grouss wéi 210 Futtballterrainen, verbrannt. Haaptproblem war do de Wand, deen e puer Mol gedréit huet. Um selwechten Dag huet am Äifer vum Gefecht e mënschleche Feeler beim Feier zu Hamm d'Ekippe souguer a Gefor bruecht. Een Tëschefall, deen iwwer de Materialschued eraus, kloer och e psychologeschen Impakt hat.

Fir net ongeféierlechen Asätz ze verhënneren, ass et den Appell u Baueren a Bëschbesëtzer, responsabel ze handelen. Mam Rappel, datt e gewëssenen Entretien an de Bëscher néideg ass. Virop sollen d’Weeër accessibel bleiwen, fir datt d’Pompjeeë séier mam Asazmaterial op d’Plaz kommen.

Back to Top
CIM LOGO