Am LokalenZwee Accidenter mat allkéiers engem Blesséierten a Feier zu Stengefort

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CDGIS mellt, koum et e Samschdeg zu zwee Virfäll op eise Stroossen, zu Stengefort koum et zu engem Brand
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Kuerz no 11 Auer wier et zu engem “Ufank vun engem Feier” komm, wéi aus dem Bulletin vum 122 ervirgeet. D’Stengeforter Pompjeeë waren do op der Plaz.

Kuerz viru 15.30 Auer gouf zu Réimech an der Wäistrooss eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert a géint 16.15 Auer krute sech zu Gréiwemaacher um Potaschbierg en Motocyclist an en Auto ze paken. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO