
Zu dëser Conclusioun kënnt den Observatoire de l’environnement naturel, en Zesummeschloss aus staatlechen an net-staatlechen Organisatiounen. Dësen huet en Dënschdeg säin Aktivitéitsbericht vun de Joren 2017 bis 2021 virgestallt.
Vun 28 Habitaten, déi zu Lëtzebuerg evaluéiert goufen, sinn der iwwer zwee Drëttel an engem ongënschtegen oder esouguer an engem schlechten Zoustand. Ma och bei den Déierenaarte wier et änlech: Vu 50 Aarten, sinn der dräi Véierel an engem ongënschtegen Zoustand, heirënner eng Rei Päiperleken an Amphibien.
De Réckgang vun Habitater an den Aartestierwen ass op verschidden Ursaachen zréckzeféieren. D’Nora Elvinger vum Emwëltministère:
“Hei weist sech ganz kloer an der Statistik, dass eben déi meescht vun de Liewensraim an Aarte vun ze intensive landwirtschaftleche Praktike beanträchtegt ginn, zum Beispill ze vill Dünger-Asaz, Pestizid-Asaz. Déi hunn op vill Habitater an Aarten negativ Impakter. Un zweeter Stell steet d’Urbaniséierung, dir wësst jo Lëtzebuerg verbraucht vill Fläche fir Wunnengen oder och Bürosgebaier.”
Gläichzäiteg géing och de Klimawandel eng Roll spillen. Am Rapport gouf och d’Ëmsetzung vum zweeten nationalen Naturschutzplang suivéiert. Hei wieren zwar Ustrengunge vun der Regierung gemaach ginn, fir den Naturschutz, mee dës géingen nach net duergoen.
Fir den drëtten Naturschutzplang, dee grad ausgeschafft gëtt, huet den Observatoire de l’environnement naturel verschidde Recommandatiounen ausgeschafft. Ënner anerem sollt de Véibestand reduzéiert ginn, geziilt ökologesch Programmer opgestallt ginn, wéi zum Beispill sougenannten “Bléisträifen”, an deene méi bléiend Planzen op sos ongenotzte Fläche gesat ginn. Och ganzheetlech Berodunge fir landwirtschaftlech Betriber sollten organiséiert ginn.
