Initiativ "Onperfekt"Zweet Chance fir net perfekt Liewensmëttel

Marc Hoscheid
Wärend zu Ettelbréck Iessen u Mënschen an Nout verdeelt gëtt, flitt es op ville Plazen einfach an d'Poubelle, obwuel et nach gutt ass.
Zweet Chance fir net perfekt Liewensmëttel
Wärend zu Ettelbréck Iessen u Mënschen an Nout verdeelt gëtt, flitt es op ville Plazen einfach an d’Poubelle, obwuel et nach gutt ass.

Fir dat ze verhënneren, hunn dräi Frëndinnen Ufank 2020 d’Initiativ Onperfekt gegrënnt, fir Liewensmëttel, déi net den optesche Krittäre vum Commerce entspriechen, trotzdeem ënnert d’Leit ze bréngen. Ugefaangen hu si mat engem Pop-up-Maart zu Housen: An der Tëscht bedreiwe si een eegene Buttek zu Maarnech.

Et ass 8 Auer moies, wéi d’Julia Gregor an d’Nathalie Malget de Buttek araumen. An éischter Linn ginn hei Uebst a Geméis verkaaft, ma och Gewürzer, Béier, Mëllechproduiten a samschdes och Brout. All dës Liewensmëttel kënnen ouni Bedenke giess a gedronk ginn, ma well se entweder ze kleng, nach net räif, getéitscht oder knapps ofgelaf sinn, verkeeft d’Kooperativ Onperfekt se méi bëlleg. Déi Produiten, bei deenen den Oflafdatum iwwerschratt ass, sinn esouguer 70 Prozent méi bëlleg wéi normal. Trotzdeem kéint een net soen, datt d’Clienten zum gréissten Deel aus engem sozial schwaache Milieu kommen.

D’Julia Gregor (Grënnungsmember vun Onperfekt): “Dat geet vu bis an et gesäit een de Leit et jo net of, wéi se finanziell do stinn, meeschtens op jiddwer Fall. Bei eis ass dat ee Mix vu Leit, och vum Alter. Et sinn eeler Leit, jonk Leit, Famillen. Et sinn och ganz vill elengstoend Leit, op d’mannst déi eleng wunnen an déi frou sinn, datt se bei eis mol méi kleng Quantitéite a Wuere kënne kafen. Eng kleng Ënn a sou weider.”

Wat d’Qualitéit vun de Wueren ugeet, do hunn d’Clienten op alle Fall keng Bedenken.

D’Nora Schleich (Cliente): “Well ech der Meenung sinn, datt nëmme well d’Muert net ganz riicht ass, se awer gutt schmaacht. Ech sinn absolut géint déi Ewechwerfgesellschaft, wou alles muss neat and clean ausgesinn. Ech wëll dat ënnerstëtzen a fannen et eng déck gutt Initiative, datt den Onperfekt lo hei uewen am Norden ass.”

Onperfekt schafft mat 14 lokale Partner zesummen, virun allem Baueren, awer och aner Acteuren aus dem Liewensmëttelberäich. Dorënner de Kiischpelter Geméisgaart, deen tëscht Wëlwerwolz an Äischer vun der Wëlzer Kooperativ bedriwwe gëtt. Zanter dësem Joer gehéiert och den Haff Ludivig vun Holler zu de Partner.

Den Nico Ludivig (Bauer vun Holler): “Déi Zesummenaarbecht ass entstanen, well mir dëst Joer zum Deel extrem vill Verloscht beim Geméis hunn. Bei de Muerten, well se extrem kleng sinn an dat um grousse Marché net gefrot ass. Doduerch hu mer lo ugefaange mat hinnen zesummenzeschaffen. An am Geméisbau ass ëmmer vill Geméis derbäi, dat net den Normen entsprécht, wéi et soll sinn.”

Normalerweis géingen op d’mannst 40 Prozent vum Geméis net den Normen entspriechen, bei de Muerten waren et dëst Joer esouguer 55 Prozent. Amplaz dës un d’Kéi ze verfidderen oder se rëm op d’Feld ze schmäissen, verkeeft den Nico Ludivig seng Wuere léiwer zu engem reduzéierte Präis un Onperfekt. An dat ganz zur Freed vun de Clienten, déi hei freides, samschdes a méindes akafe kënnen.

Back to Top
CIM LOGO