Ëmmer méi Länner verbidden hire Beamten am ëffentlechen Déngscht, TikTok ze benotzen.

Et gëtt gefaart, dass d'Daten op dëser chineesescher Plattform net sécher sinn. Mataarbechter vun der EU-Kommissioun a Beamte vun der kanadescher an der amerikanescher Regierung krute scho verbueden, des App op hirem Déngschthandy ze benotzen an och an europäesche Länner ginn et ëmmer méi sou Initiativen. Lëtzebuerg well fir de Moment nach kee Verbuet ausschwätzen.

Des chineesesch Video Plattform ass virun allem bei Jonke ganz beléift. Et geet virun allem drëms kuerz Videoe mat anere Leit ze deelen.