Wéi vill Waasser soll een den Dag drénken? Ka Waasser iwwerhaapt oflafen? Am Kader vum Weltwaasserdag, hu mir dës an nach aner Froe fir Iech beäntwert!

De Weltwaasserdag gëtt et zanter 1993. Déi Vereent Natiounen hunn en an d'Liewe geruff, fir drop opmierksam ze maachen, datt weltwäit ëmmer nach Millioune vu Mënsche keen Zougang zu propperem Drénkwaasser hunn. Dobäi ass Waasser fir de Mënsch dat wuel wichtegst Liewensmëttel iwwerhaapt.

4 Froe ronderëm Waasser

Wéi vill Waasser den Dag soll een drénken?

Vun der Europäescher Liewensmëttelagence (EFSA) gëtt recommandéiert, datt Frae pro Dag zwee Liter Waasser drénke sollen, Männer zwee an een hallwen. Ronn d'Hallschent dovunner sollt am beschten aus de Liewensmëttele kommen, déi een ësst, et muss also net nëmmen e réngt Glas Waasser sinn.

Ëmfro: Wéi vill Waasser drénkt Dir den Dag?

Wéi ënnerscheede sech déi verschidden Zorte Waasser vuneneen?

D'Diététicienne Nathalie Weber huet eis heizou méi gezielt: "Et ass de Mineralhaushalt, deen ännert vun engem Waasser op dat anert. Spruddelwaasser ass gewéinlech e bëssi méi räich am Sodium, also bëssi méi salzhalteg. Beim platte Waasser ass de Salzgehalt allgemeng net sou héich"

Och de Goût ka jo beim Waasser änneren, hei ass et dann den Undeel u Mineralien, deen den Ënnerscheed mécht, sou d'Ernierungsberoderin weider: "Am platte Waasser ginn et Marken, déi méi räich mineraliséiert sinn, an och Marken déi méi schwaach mineraliséiert sinn. A wann ee seet, d'Waasser hätt kee Geschmaach, dann ass et genee dat, wat den Ënnerscheed mécht. E Waasser, wat méi e rauen a stengege Goût huet, ass méi staark an de Mineralien. En anert, wat vill méi platt wierkt, ass méi déif am Mineralgehalt. Dat si Waasseren, déi och fir Bëbeeë kënne gebraucht ginn"

Ka Waasser schlecht ginn?

Grondsätzlech ka Waasser net oflafen an och net schlecht ginn, soulaang keen Dreck era kënnt. Dofir ka sech awer déi chemesch Zesummesetzung vum Waasser änneren, wann et ze laang stoe gelooss gëtt. Un der Loft kënnt Waasser nämlech mat CO2 a Kontakt, deen en Deel vun der Flëssegkeet a Kuelesaier ëmwandelt, wouduerch de ph-Wäert, dee weist wéi sauer eppes ass, am Waasser erofgeet. Wat de Wäert méi déif ass, wat d'Flëssegkeet, an dësem Fall d'Waasser, méi saierzeg schmaacht. Et ännert awer just de Goût, schiedlech ass d'Waasser doduerch net an et huet an dem Sënn och kee Verfallsdatum.

A bei Plastiksfläschen?

Hei gesäit dat Ganzt schonn e bëssen aneschters aus: D'Kuelesaier geet do méi einfach eraus a Sauerstoff kënnt an d'Fläsch eran. Dozou kënnt och nach, dass bei Plastiksfläschen op laang Dauer Chemikalien an d'Waasser komme kënnen. D'Waasser nom Verfallsdatum aus enger Plastiksfläsch ze drénken ass zwar net direkt schiedlech, Fuerscher warnen awer, dass dat laangfristeg awer net immens gesond ass. Aus dem Grond sollt een eng oppe Plastiksfläsch an e puer Deeg eidel drénken. De Verfallsdatum gëllt an dem Fall also net dem Waasser, mä der Fläsch.

"More than fiction?!" - Chaos ouni Waasser

Am Kader vum Weltwaasserdag ënnersträicht och de Mouvement écologique an engem Video d'Wichtegkeet vum Waasser fir de Mënsch. An dësem gëtt gewisen, wéi vill alldeeglech Liewensberäicher vum Waasser ofhängeg sinn.

Et wéilt een d'Theme Waasserqualitéit a Waasser-Knappheet méi an de Fokus réckelen, sou d'ASBL an engem Communiqué. Och appelléiert de MouvEco un d'Politik, konsequent z'agéieren an dem Schutz vum Waasser méi héich Prioritéit ze ginn.

Waasserwirtschaftsamt gëtt Tipps fir Waasser ze spueren

Eng Rei Recommandatioune gëtt d'Waasserwirtschaftsamt de Bierger mat op de Wee, déi Hëllefe sollen, den eegene Waasserkonsum erofzeschrauwen. Dorënner:

- Krunn zoudréine wann ee seng Zänn botzt (Hei duerch kënne 6 Liter Waasser pro Minutt gespuert ginn)
- Kuerz duschen amplaz an eng Bidden ze klammen (Dir kënnt bis zu 100 Liter Waasser spueren)
- Spull- a Wäschmaschinn nëmmen dann umaache wann dës wierklech voll sinn
- Keng Pestiziden oder Herbizide benotzen, déi an de Buedem andréngen an d'ënnerierdescht Waasser (Drénkwaasser vu muer) verschmotzen

Weider Tipps fannt Dir hei am Communiqué vum Waasserwirtschaftsamt.