Klo wéinst versichtem MordMann geheit aus Jalousie Handgranat op Ex-Partnerin an neie Frënd

RTL Lëtzebuerg
Zu Berlin soll e Mann aus Jalousie eng Handgranat op seng fréier Liewenspartnerin an där hiren neie Frënd geheit an déi zwee schwéier blesséiert hunn.

E Mëttwoch huet de Parquet vu Berlin de Mann wéinst versichtem Mord ugeklot. Reprochéiert gëtt him geféierlech Kierperverletzung, d’Verursaache vun enger Sprengstoffexplosioun an de Verstouss géint d’Krichswaffekontrollgesetz.

An der Nuecht vum 24. op de 25. Mäerz soll den 61 Joer ale Mann extra aus Serbien agereest sinn, fir virum Haus vu senger Ex-Frëndin am Bezierk Reinickendorf op d’Fra ze waarden. Wéi déi 42 Joer al Fra mat hirem neie Partner an enger Bekannter opgedaucht ass, soll de Mann aus Jalousie d’Handgranat geheit hunn, déi direkt gezünt ass an déi dräi schwéier blesséiert huet.

Nodeems de Plang net opgaangen ass, soll hien e puer Mol mat engem Messer op de blesséierte Mann agestach hunn, deen nëmmen duerch eng Noutoperatioun iwwerlieft huet. Dono soll de presuméierten Täter senger Ex-Frëndin nogelaf sinn an op si agestach hunn, bis där hire Bouf de Mann vu weideren Doten ofhale konnt.

Den 61 Joer ale Mann gouf de 25. Mäerz festgeholl an ass zanterhier an Untersuchungshaft. D’Berliner Landgeriicht muss elo nach iwwer d’Zouloossung vun der Klo tranchéieren.

Back to Top
CIM LOGO