Op engem Trëppeltour mat sengem Metalldetekter huet een 51 Joer alen Norweger eng ongewéinlech Entdeckung gemaach.

Norwegesch Archeologen nennen et "d'Gold-Decouverte vum Joerhonnert".

Am éischte Moment hätt hie geduecht, hien hätt Schockela-Mënz fonnt, erënnert sech den Erlend Bore. Séier huet hien dunn awer gemierkt, datt hie Gold-Medaillonen a Gold-Pärele fonnt hat, déi eng Kéier Deel vun enger opulenter Kette waren. Och dräi gëlle Réng huet hien aus dem Buedem gezunn.

D'Decouverte, déi ronn 100 Gramm weit an aus dem 6. Joerhonnert no Christus stame soll, gouf um Terrain vun engem Bauer gemaach. Dem norwegesche Gesetz no kënne sech de Bore an de Bauer elo eng Belounung fir d'Entdeckung deelen.

RTL

© NTB/AFP/Theo Eli GIL BELL