Well si hire Reesbus bis an Holland net verpasse wollt, hat eng Fra nawell eng geféierlech Rees mam Vëlo op sech geholl. Ongeplangt...

D'Cyclistin gouf natierlech gestoppt, sou d'Police vun Oldenburg, nodeems si en Donneschdeg de Moien op der A28 entdeckt gi war. E Polizist, deen um Wee op d'Schaff war, hat déi jonk Fra op hirem geféierleche Wee fir d'éischt gesinn an huet si mat sengem Auto vun der Autobunn erof guidéiert.

"An Tréinen opgeléist, hätt déi 30 Joer al Fra matgedeelt, dass si hire Reesbus an Holland erreeche misst an hir Navigatiounsapp hätt hir de Wee iwwert d'Autobunn gewisen", wéi et aus dem Policebericht heescht.

De Polizist, ganz nom Motto "dein Freund und Helfer", huet sech erbaarmt an huet d'Fra um Enn op de Busarrêt gefouert an de Vëlo gouf spéider vun anere Beamten ënnerdaach gestallt. Déi gutt Nouvelle: D'Fra huet hire Bus bis an Holland net verpasst.