De Bam am "Sycamore Gap" am Nordoste vun England war ënnert anerem duerch de Film "Robin Hood" mam Kevin Costner bekannt ginn.

Et war wuel ee vun den am meeschte fotograféierte Beem a Groussbritannien. Elo ass d'Plantan, déi eng 60 Kilometer westlech vun Newcastle am Nationalpark Northumberland stoung, Geschicht. Wéi den Nationalpark matdeelt, wier de Bam iwwernuecht warscheinlech express ëmgeluecht ginn.

De Bam war virun allem wéinst senger aussergewéinlecher Lag am sougenannten "Sycamore Gap" direkt um historeschen Hadrianswall bekannt. D'Plaz war eng vun den zentralen Locations fir de Film "Robin Hood" aus dem Joer 1991.

Op Biller ass ze gesinn, wéi de Bam direkt iwwert dem Buedem gehaen gouf - just de Stomp steet nach. D'Kroun vum Bam ass op den Hadrianswall gefall. Wéi den Nationalpark matdeelt, géif een elo mat den Autoritéiten an de Partnerorganisatiounen zesummeschaffen, fir de Virfall ze klären. D'Police huet en Donneschdeg am Nomëtteg matgedeelt, datt an deem Kader ee 16 Joer alen Jong festgeholl gi wier.
Déi Deputéiert Mary Foy huet d'Dot een "häerzzerräissenden Akt vum sënnlose Vandalismus un engem beléiften a berüümte Monument vum Nordosten" genannt. Vill Leit am ganze Land, an och uechter d'Welt, géifen ëm de Bam traueren.