Net schlecht gestaunt hunn d'Beamte vun der Douane um Kölner Fluchhafen en Donneschdeg.

Wéi si d'Wallis vun engem 46 Joer ale Mann, deen aus dem US-Bundestaat Arizona op Köln gereest war, kontrolléiert hunn, hu si insgesamt ronn 640 Spannendéieren an Insekte fonnt. Dorënner 190 Vugel-, Wollefs- a Sprangspannen, iwwer 430 Skorpiounen a ronn 20 Honnertféissler a Käfferen.

D'Déiere waren an Tuten an Dëppercher aus Plastik agepaakt an alleguer zesummen an eng Këscht gequëtscht ginn. E puer vun hinnen, hätten d'Rees deementspriechend net iwwerlieft.

Déieren hätten e Gesamtwäert vun 18.000 € heescht et vun der däitscher Douane.