Bei BremenAlkoholiséierte Mann fiert mat E-Scooter iwwert d'Autobunn

RTL Lëtzebuerg
Matten an der Nuecht, ouni Luuchten an a Schlaangelinnen... Esou huet e 27 Joer ale Mann en E-Scooter iwwert d'A270 gesteiert.
© Photo by Hannes P. Albert / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Een Automobilist konnt am leschten Ament Schlëmmeres verhënneren, well hien nach in extremis mat zwee Féiss op d’Brems gesprongen ass. Dësen huet doropshin d’Police alarméiert. Fir datt aner Automobilisten net an déi selwecht Situatioun geroden, ass den Automobilist hannert dem alkoholiséierten E-Scooter-Fuerer gefuer an hat seng véier Winkeren un, fir esou vu Wäitem gesinn ze ginn.

Wéi d’Police op d’Plaz koum, hu si den Ausfluch vum 27 Joer ale Mann gestoppt. Beim Alkoholtest koume ganzer 1,6 Promill eraus. De Mann muss elo mat enger Plainte rechnen, well hie sech an anerer am Stroosseverkéier a Gefor bruecht huet a mat enger zweeter, well säin E-Scooter keen Nummereschëld, wéi et bei eisen däitschen Nopere Flicht ass, hat.

Back to Top
CIM LOGO