De Programm Mérite Jeunesse ass fir Jonker tëscht 14 an 25 Joer an international unerkannt. En ass Deel vum “Duke of Edinburgh’s International Award”, deen et an 130 Länner gëtt.
D’Zil fir déi Jonk ass et, sech a véier verschiddene Kategorië perséinlech Ziler ze setzen a weider ze entwéckelen. Dorënner fält: Sport, ee Benevolat an een Talent. Donieft solle si och un enger Expeditioun deelhuelen oder selwer organiséieren. Dat ass een Hike iwwer puer Deeg. Jee no Niveau méi oder manner laang. Et ginn am Ganzen dräi Niveauen. Dat ass Bronze, Sëlwer a Gold. Eemol d’Joer gëtt et eng Diplomiwwerreechung, esou kruten dëst Joer kruten 335 Jonker een Diplom.
Am Reportage léiere mir véier Kandidate kennen, déi och scho virum Mérite Jeunesse ganz aktiv waren. De Pit Lentz engagéiert sech zanter senger Kandheet an de Scouten. D’Verity huet éiergäizeg Ziler an der Liichtathletik an d’Loredana reit an investéiert all Dag vill Zäit a säi Sport. Wéi eng Roll de Mérite Jeunesse an hirer Entwécklung spillt, gesitt Dir am Reportage.
Méi Informatiounen zum Mérite Jeunesse fannt Dir op hirem Site.