Et sinn net déi éischt Renovatiounen um bal 2.000 Joer ale Monument. Mee dës Kéier solle se besonnesch grëndlech sinn. Wisou grad elo, erkläert d’Projektmanagerin Brigitta Coen. Aktuell géif et Schied um Zement an um Steen ginn, déi een elo géif behiewen. Dat well ee weess, datt dës Ulagerunge sech anescht verhalen, wéi den originale Steen a sou kéint et an Zukunft zu weidere Schied kommen. Déi schwaarz Kruste gi mat Hëllef vun engem Laser “opgebrach”.
Ëmmer nees wier d’Porta Nigra iwwer all déi Joren och mat Methode renovéiert ginn, wou een haut géing soen, dass et net ganz glécklech wier. Et hätt ee probéiert, déi Schichten, déi sech drop forméiert hunn, bis zu der originaler Schicht ganz ze eliminéieren, an domat hätt ee riskéiert, déi Joerhonnerten al Schicht ze beschiedegen.
Wann déi schwaarz Krusten esou dicht wieren, dass de Steen net méi kéint natierlech Waasser ophuelen, wat dono verdonst, wier dat net gutt. Doduerch géing Drock entstoen, deen duerch Frascht verstäerkt gëtt, wat dozou féiert, dass de Stee futti geet. Fir dëst ze verhënnere gëtt eng Lasertechnik genotzt. Hei géing een déi schwaarz Plaze viséieren, seet den Ulrich Bauer-Bornemann, deen un der Porta Nigra schafft. Et géing also just ëm déi méi rezent Verknaschtunge goen.
Ongedëlleg, däerf ee bei dëser Aarbecht op alle Fall net sinn. Am Ganzen hätt een eng Aarbechtsfläch vun 2.000 Quadratmeter a fir ee Quadratmeter ze botzen, bräicht een eng bis zwou Stonnen Aarbecht. Et rechent een am Ganzen also mat zwou bis zwou an eng hallef Dausend Stonnen Aarbecht. Wien elo awer mengt, renovéiere wier och direkt botzen, deen huet sech awer geiert. D’Porta Nigra bleift schwaarz, betount d’Brigitta Coen.
Mee de Schued, an dat wat de Schued verursaacht, misst elo ebe behuewe ginn, an der Hoffnung, dass een dono nees e puer Joerzéngte Rou hätt.