Am brittesche Birmingham suergt eng propalästinensesch Protestaktioun fir Opmierksamkeet. Këschte voll Mais goufen an eng Fastfood-Filial gepucht.

Videoen, déi am Internet d'Ronn maachen, weise Männer mat palästinensesche Fändelen, déi Këschte voll Mais a Raten a verschidde McDonald's-Restaurante schëdden. Deelweis sinn d'Déieren an de Faarwe vum Fändel agefierft ginn.

Dass d'Fastfoodchaîne zum Zil ginn ass, soll keen Zoufall sinn. Wéi et schéngt wollte sech d'Aktiviste mat hirer Aktioun dofir revanchéieren, dass McDonald's gratis Moolzechten un Zaldote verdeelt hat.

De Pressespriecher vun der Chaîne betount, dass et sech dobäi an Israel ëm onofhängeg Entscheedunge vun eenzele Lizenzhalter gehandelt hätt. "D'McDonald's-Kooperatioun finanzéiert an ënnerstëtzt keng Regierung, déi an de Konflikt verwéckelt ass."

Weider heescht et, dass déi betraffe Filiale komplett gebotzt gi sinn a "Kammerjäger" zur Ënnerstëtzung dozou geruff gi sinn.

D'Police huet en 32 Joer ale Mann festgeholl. En anere vun 30 Joer gëtt nach gesicht. Géint déi zwee Männer gëtt wéinst Stéierung vun der ëffentlecher Uerdnung ermëttelt. "Eis Positioun ass kloer. Dat ass ofstoussend a wäert net toleréiert ginn", seet d'Police. D'Virfäll hätte sech um Méindeg an Dënschdeg ofgespillt.