Zu Essen huet e Lokomotivfürer e bluddege Kierper op de Gleiser entdeckt an d'Police alarméiert. Um Enn huet sech erausgestallt, datt et eng Attrapp war.

An der Géigend vun der Gare zu Essen hunn Onbekannter eng Attrapp vun engem mënschleche Kierper op de Gleiser ofgeluecht an domat e Rettungsasaz ausgeléist. Wéi d'Bundespolice vu Sankt Augustin matdeelt, hat de Lokomotivfürer vun engem Schnellzuch e Sonndeg de Moien e bluddege mënschlechen Torso op de Schinne bei der Gare Essen-West entdeckt an d'Police informéiert.

Op der Plaz huet sech d'Attrapp allerdéngs als preparéiert Jeansbox erausgestallt. Duerch d'Zerrappen an d'Opstoppe vun de Boxebee souwéi der rouder Faarf a Plastiksschanken hätt d'Attrapp "e bal echten Androck" gemaach, heescht et vun der Police. Dës wier esou placéiert gewiescht, datt et wéi en Accident geschéngt huet. De Maschinist vum ICE a Richtung München hätt duerch de Virfall ënner Schock gestanen.

Ausserdeem koum et wéinst der falscher Noutsituatioun zu enger Rei Annulatiounen a Verspéidungen am Zuchtrafic. Wéinst dem Virtäusche vun enger Noutlag goufen Ermëttlunge lancéiert.