
D’ASBL “Karneval Gemeng Péiteng” (KaGePe) invitéiert op déi 69. Editioun vun der Péitenger Kavalkad.
Um 12 Auer mëttes geet et op der Maartplaz an der Place John F. Kennedy mat Musek an Animatioun lass.
Den Depart vum traditionelle Cortège ass dann e Sonndeg um 14.11 Auer bei der Porte de Lamadelaine. Duerno geet et iwwer e Parcours vun 2,5 Kilometer duerch d’Rue de Longwy, d’Rue de Luxembourg an d’Rue de l’Eglise.
69 Gruppe maache beim Cortège mat, dovunner 30 Ween, 8 Museksgruppen an 31 Folklor-Gruppen. Am Ganze wäerten eng 1.000 Participante fir gutt Stëmmung suergen. Den Entrée ass gratis. Nieft den Iess- a Gedrénksstänn kënnen d’Leit sech och an enger Partie Caféë mat Iessen a Gedrénks versuergen. Fir d’Éieregäscht an aner Amateure vun der Fuesent stinn dräi Tribünen zur Verfügung. Fir dës muss een allerdéngs Entrée bezuelen. Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite un der ASBL KaGePe.
No der Kavalkad gëtt dann am gehëtzten Zelt op der Place John F. Kennedy bis 22 Auer weider gefeiert.
Wie mam Auto op d’Kavalkad wëll fueren, kann entweder vum CARENA-Terrain an der Rue Eucosider oder um Parking vum Cactus parken. Vu béide Plaze fuere gratis Shuttlebusser an de Péitenger Zentrum.
Wie besonnesch motivéiert ass, kann iwwerdeems schonn um Samschdeg an d’Kavalkad erafeieren. Am gehëtzten Zelt op der Place John F Kennedy ass vu 14 bis 18 Auer e Kannerbal a vun 21 bis 1 Auer ass eng “Warm Up Party”.