RekordpräisEng Gittar vu Pink Floyd gouf fir iwwer 14 Milliounen Dollar versteet

AFP, iwwersat vun RTL
Dëst Stéck hat den David Gilmour op sechs Albume vun der legendärer Rock-Band Pink Floyd am Asaz an et ass elo déi Gittar, déi am deierste verkaaft gouf.
Gittare vu Lénks no Riets: Dem Prinz seng giel "Yellow Cloud"-Gittar, dem Kurt Cobain seng Fender Mustang aus dem Joer 1966, dem David Gilmour seng "Black Strat", dem Eric Clapton seng "The Fool" Gibson SG an eng Edge's Gibson Explorer.
Gittare vu Lénks no Riets: Dem Prince seng giel “Yellow Cloud"-Gittar, dem Kurt Cobain seng Fender Mustang aus dem Joer 1966, dem David Gilmour seng “Black Strat”, dem Eric Clapton seng “The Fool” Gibson SG an eng Edge’s Gibson Explorer.
© VALERIE MACON/AFP

D’Gittar vum Museker David Gilmour gouf zu New York fir de Rekordpräis vu 14,55 Milliounen Dollar, ëmgerechent knapp 13 Milliounen Euro, verkaaft. Wéi d’Auktiounshaus Christie’s e Freideg matgedeelt huet, gouf déi legendär Fender Stratocaster, déi och nach als “The Black Strat” bekannt ass, fir de Rekordpräis verkaf an ass domadder déi deierste Gittar, déi jeemools verkaaft gouf.

De Rekord louch do virdru bei sechs Milliounen Dollar, dat fir eng Gittar vum Nirvana-Sänger a Gittarist Kurt Cobain, déi am Joer 2020 verkaaft gouf.

D’"Black Strat” gouf vum David Gilmour gespillt a koum op allen Albume vu Pink Floyd tëscht 1970 an 1983 an den Asaz. Se ass ënnert anerem och op den Opname vun den Albume fir “Dark Side of the Moon” oder “The Wall” ze héieren an ass domadder e wichtegt Sammlerstéck fir Fans vun der brittescher Band.

Hei d'Sammlung vum David Gilmour (Pink Floyd) senge Gittaren.
Hei d’Sammlung vum David Gilmour (Pink Floyd) senge Gittaren.
© MICHAEL LOCCISANO/Getty Images via AFP

D’Gittar gehéiert zu der Sammlung vun Instrumenter an Erënnerungsstécker vum Jim Irsay, en US-Entrepreneur deen zejoert gestuerwen ass. Niewent senger Roll als Besëtzer vun enger Futtball-Ekipp, war hien och e grousse Fan vu Musek. Weider sechs vu senge Sammlerstécker, déi en Donneschdeg den Owend versteet goufen, hu Präisser a Milliounenhéicht erreecht.

Ënnert anerem gouf eng weider Gittar vum Kurt Cobain verkaaft. Den Nirvana-Sänger, deen 1994 gestuerwen ass, war am Video vum Grunge-Klassiker “Smells Like Teen Spirit” mat dëser Gittar ze gesinn. Hei ass e Montant vu 6,9 Milliounen Dollar zesummekomm an domadder och méi, wéi de Rekord aus dem Joer 2020, deen och vun enger Cobain-Gittar opgestallt gi war.

Back to Top
CIM LOGO