Esou eppes hat d'Police zu Ludwigsburg a Baden-Württemberg nach net gesinn.

De Chauffer vun enger Firma war een Auto sichen, dee seng Boîte iwwert eng Auktiounsplattform kaaft hat. Et hat allerdéngs net laang gedauert, bis hie gemierkt hat, datt de Mercedes GLE 400, deen nei ronn 100.000 Euro géif kaschten, guer net gebremst huet.

En Employé hat doropshin den Ofschleefdéngscht geruff an dobäi d'Police alertéiert. An der Garage ass duerno opgefall, datt op den zwou viischte Felge verbrannten Holzstëbs war. Bei enger méi geneeër Sich huet sech dunn erausgestallt: Déi zwou viischt Bremsen hate Bremsbeläg aus Holz.

D'Plackette waren op Mooss geschnidde ginn, an iergendeen hat sech souguer nach d'"Méi" gemaach, mat engem schwaarze Stëft "Brembo" op d'Holz ze schreiwen. Brembo ass de Markennumm vun engem bekannte Bremseproduzent.

"Kreativ, awer liewensgeféierlech", war de Fazit vun der Police Ludwigsburg, déi ee Post iwwert den ongewéinleche Virfall an hire Soziale Medie gedeelt huet. Géint de viregte Besëtzer gouf no dem Virfall e Mëttwoch d'lescht Woch eng Plainte gemaach. Zum Hannergrond gëtt ermëttelt.