An der Oberpfalz gouf d'Police op e méi speziellen Asaz geruff, an den en 80 Joer ale Mann, eng 22 Joer jonk Livreuse an e Pak dra verwéckelt waren.

D'Affär hat u sech harmlos ugefaangen. Déi 22 Joer al Mataarbechterin vun engem Liwwerdéngscht huet beim 80 Joer ale Mann geschellt, fir him e Pak ofzeliwweren. Wéi dat passéiert war, wollt de Mann dunn nach, datt si och eng Retour mathëlt, déi de Mann zeréckschécke wollt. D'Livreuse huet him erkläert, datt si dat net kéint mathuelen an huet sech op de Wee gemaach, fir hiren Tour weiderzeféieren.

Den 80 Joer ale Mann aus Pfreimd war awer iwwert déi Ausso esou rose ginn, datt hie sech a säin Auto gesat huet, an der Fra einfach nogefuer ass. Dobäi huet hien de Won vun der jonker Fra iwwerholl an ausgebremst. Duerch déi Aktioun ass als éischt emol e verbale Sträit tëscht béide Betraffenen ausgebrach. Dunn huet d'Fra probéiert, mat hirem Liwwerwon virum Mann ze flüchten. Deen ass hie awer nees nogefuer an huet si nees blockéiert, esou datt si net méi fort koum.

Der Police no goung de Mann du bei de Won, huet d'Dier opgemaach a wollt d'Liwwerantin mat sengem Handy filmen. Och hätt hien e puer Mol probéiert, si mat der Fauscht ze schloen, déi däitlech méi jonk Fra konnt awer all Kéiers auswäichen. Wéi Zeien dat gesinn hunn, hu si dunn agegraff. Doropshin huet de Mann d'Fra mat Rou gelooss an ass geflücht.