Wann Dir 2007 gebuer sidd a Loscht hutt, e bësse méi vun der Welt ze gesinn, kéint d'EU genee dee richtege Gebuertsdagskaddo fir Iech hunn.

De Programm "DiscoverEU" huet et sech zur Aufgab gemaach, jonke Leit dobäi ze hëllefen, d'Villfalt vun Europa ze entdecken. Fir de 40. Gebuertsdag vum Schengen-Raum gëtt et lo fir all déi, déi am Joer 2007 op d'Welt komm sinn an domat dëst Joer hiren 18. Gebuertsdag feieren, nees eng ganz besonnesch Aktioun. Wann een an der EU oder an engem Erasmus+ Land lieft (zum Beispill Norwegen, Island oder Liechtenstein), kann ee sech op ee vu 40.000 DiscoverEU-Travel-Päss mellen, mat deenen ee gratis mam Zuch duerch d'EU fuere kann.
 
Vun en Donneschdeg un an nach bis den 13. November ëm 12 Auer kann ee sech mellen a beim Quiz matmaachen. Mat e bësse Chance kann een dann e Rees-Pass gewannen, mat deem een tëscht Mäerz 2026 a Mee 2027 fir maximal 30 Deeg gratis mam Zuch queesch duerch d'EU reese kann. Uewendrop gëtt et dann nach Reduktiounen op eng sëllege Saachen, vu Kultur iwwer Schlofméiglechkeete bis Iessen an ëffentlechen Transport. Wien net eleng reese wëll, ka souguer bis zu véier Frënn mat alueden - awer just, wann déi och de Krittäre fir den DiscoverEU-Pass entspriechen.
 
Iwwert dëse Link kënnt Dir Iech op een DiscoverEU-Pass mellen. Wann Dir nach ze jonk sidd fir matzemaachen, da braucht Dir Iech nawell keng Suergen ze maachen - och d'nächst Joer wäert et am Fréijoer an am Hierscht d'Chance ginn, bei der Aktioun matzemaachen.