Bis ewell hat de Münster zu Ulm, deen 1890 fäerdeg gestallt gouf, mat sengen 161,53 Meter den héchste Kierchtuerm vun der Welt.

Ma zanter dësem Donneschdeg dem 30. Oktober 2025 huet sech dat geännert. Well do gouf dat ënnescht Element vum Kräiz uewen um Torre de Jesucristo vun der Sagrada Familia montéiert. Domadder huet dëse Kierchtuerm elo 162,91 Meter a gëllt domadder offiziell als gréissten Tuerm vun enger Kierch.

De Jesus-Christus-Tuerm op der bekannter Kathedral zu Barcelona soll dat nächst Joer fäerdeg gestallt ginn. Domadder wëll een den 100. Doudesdag vum Architekt vun der Sagrada Familia Antoni Gaudi feieren.