E grujelege Pak krut viru Kuerzem den Architekt vum Stephansdom, wéi de Franz Zehetner der "Kronen Zeitung" erzielt huet.

Den Domarchitekt sot der Zeitung: "Op mengem Schreifdësch louch beemol ee groussen, zougebonnene Pak ouni richtegen Absender." De Franz Zehetner huet net schlecht gestaunt, wou hien de Pak opgemaach an dunn en Doudekapp am Grapp gehalen huet. Am Pak louch awer och nach eng Nott, déi erkläert huet, wat den Domarchitekt do viru sech hat. Geschriwwe war se wéi et schéngt vun engem eeleren Här aus dem Norde vun Däitschland.
 
"Ech hunn de skelettéierte Kapp deemools als jonken Tourist bei enger Visite guidée duerch d'Katakombe geklaut. Elo - um Schluss vu mengem Liewen ukomm - wëll ech mat mir am renge sinn", gëtt den anonymmen Expediteur an der "Kronen Zeitung" zitéiert. De Franz Zehetner huet de Geste ganz positiv bewäert: "Den Déif huet säi jugendlechen Iwwermutt net just nees guttgemaach, ma ee Wierk vum Respekt virun de Verstuerwene begaangen."
 
Der éisträichescher Zeitung no kéint een zwar elo net méi zouuerdnen, wien den Doudegen ass, ma den Doudekapp gouf an allen Éiere bäigesat.