Bouf hat iwwer 80 Magnéiter ofgeschléckt an huet mussen operéiert ginn
An Neiséiland huet e Jong vun 13 Joer mussen operéiert ginn, well hien tëscht 80 an 100 Neodym-Magnéiter am Verdauungstrakt hat.
Déi Magnéiter goufen iwwer d'Onlineplattform Temu kaf.
De Jong hat sech no véier Deeg iwwer staarke Bauchwéi beschwéiert a koum an e Spidol op Tauranga. Hei konnten d'Doktere feststellen, dass d'Magnéiter sech am Daarm zesummegezunn haten an esou plazeweis zu Nekrosë (ofgestuewent Geweebe) gefouert hunn.
An enger Operatioun goufen net just d'Magnéiter erausgeholl, ma och dat beschiedegt Geweebe huet mussen erausoperéiert ginn.
No 8 Deeg am Spidol konnt de jonke Patient nees heem.
De Pressespriecher vun Temu huet matgedeelt, datt d’Firma eng intern Enquête gestart hätt a mat den Auteur*inne vum Rapport a Kontakt stoe géif, fir méi Detailer ze kréien. D’Produktfichen op der Plattform géifen aktuell iwwerpréift ginn, fir eng voll Konformitéit mat de Sécherheetsreegelen ze garantéieren.
Dës staark Neodym-Magnéiter sinn an Neiséiland zanter 2013 verbueden, well se schonn an der Vergaangenheet zu änleche geféierleche Virfäll gefouert haten.