US-Regierungsspriecherin Leavitt soll Reporter beleidegt hunn

© AFP
Den Chatverlaf mat der Ausso vun der Regierungsspriecherin huet op de soziale Medien d'Ronne gemaach. D'Wäisst Haus huet der Leavitt de Réck gestäerkt.
E Méindeg soll déi US-amerikanesch Pressespriecherin Karoline Leavitt an engem Chat e Reporter vun der Huffington Post beleidegt hunn. Dësen hat gefrot, wie Budapest fir en nächst Treffen tëscht dem Donald Trump an dem Wladimir Putin gewielt huet. Doropshin soll d'Leavitt mat "Deng Mamm war et" geäntwert hunn.
Den Chatverlaf vun dësem Virfall ass e Méindeg op de soziale Medien zirkuléiert. Op Nofro vun "The Independent", no der Richtegkeet vun deem Chat, ass aus dem Wäissen Haus keen Dementi komm. Am Géigendeel souguer soll de Kommunikatiounsdirekter vum Wäissen Haus, de Steven Cheung, d'Ausso ënnerstëtzt hunn. D'Äntwert vun der Karoline Leavitt wier "méi wéi ugemooss", well et sech beim Reporter vun der Huffington-Post net ëm ee Reporter, ma ëm een "demokrateschen Aktivist" handele géif. Et hätt ee keng Zäit, sech mat "parteieschen Hacker" ofzehalen, sou den Cheung weider.