Nigerianescht Geriicht zwéngt zwee Tiktoker, sech ze bestueden

© AFP/Archiv/Olivier DOULIERY
D'Hochzäit muss bannent zwee Méint geschéien, heescht et vum zoustännege Riichter aus dem nërdleche Bundesstaat Kano.
Well e Mann an eng Fra e Video op der Plattform Tiktok verëffentlecht hunn, an deem si sech kussen, goufe si vun engem Geriicht zu engem Bestietnes verurteelt. Datt dëst vollzu gëtt, soll déi sougenannt Hasbah iwwerwaachen, eng Police, déi sech ëm d'Anhalung vun der Scharia këmmert.
Géigeniwwer der Noriichtenagence AFP sot e Spriecher vun der Justiz: "D'Geriicht huet ordonéiert, datt d'Hisbah de Mann an d'Fra bestuede soll, well si esou verléift sinn, datt si hir Romanz op Tiktok weisen (...) D'Geriicht huet ausserdeem ordonéiert, datt de Mariage bannent zwee Méint soll vollzu sinn".
Déi zwee Beschëllegt sinn um Video ze gesinn, wéi si sech kussen an ëmäerbelen. De jonke Mann, dee schonn an der Vergaangenheet mat den Autoritéiten a Konflikt gerode war, wéinst Videoen, déi vun dësen als "vulgär" klasséiert ginn, gouf festgeholl a sëtzt zanterhier an Untersuchungshaft. Hien, wéi och d'Fra sollen engem Hisbah-Spriecher no hiren Accord fir de Mariage ginn hunn.
Kano ass ee vun zwielef majoritär muslimesche Bundesstaaten an Nigeria, an deenen déi islamesch Scharia nieft dem allgemenge Recht existéiert. Fir se duerchzesetzen, gouf 2001 d'Hisbah gegrënnt.