Bei senger Visitt zu Washington sollt et eigentlech ëm d'Militärhëllef fir d'Ukrain goen. Dobäi ass hien allerdéngs op e bekannt Gesiicht gestouss.

Wärend de Gespréicher ass den däitsche Bundeskanzler op säin Doppelgänger getraff. Den US-Senator Chris Coons änelt dem Politiker immens. Dëse Moment notzen déi zwee fir eng Erënnerungsfoto.

"Et ass super, mäin Doppelgänger nees ze gesinn - Chris Coons", schreift den Olaf Scholz op de soziale Medien. Um Profil vum Senator ass den original Selfie ze gesinn. Dobäi schreift hien "Wien ass wien?". Déi zwee hate sech allerdéngs net fir d'éischt gesinn.

Lëtzebuerger Politiker suerge fir Verwiesslungsgefor

Scho virun 10 Joer hat de Xavier Bettel fir änlech Noriichte gesuergt. Den englesche Medie war deemools opgefall, dass hien an den David Cameron sech gläichen.

RTL

Den David Cameron an de Xavier Bettel / © EU-Sommet

2017 ass dunn d'Fro opkomm, ob den Etienne Schneider net och villäicht en heemlechen Zwillingsbrudder an den Emiraten hätt.

RTL

Den Etienne Schneider an den Najeeb Al-Ali (directeur exécutif du bureau Expo 2020 Dubaï) / © SIP / Jean-Christophe VERHAEGEN