Den Nigerianer Tunde Onakoya huet de Weltrekord fir de längste Schachmarathon gebrach. 58 Stonne laang huet hie gespillt, ouni geschloen ze ginn.

Den 29 Joer alen Tunde Onakoya aus Nigeria huet mat senger Aktioun zu New York Sue fir benodeelegt Kanner an Afrika gesammelt.

E Mëttwoch hat den Nigerianer säin éischten Zuch gemaach a souz bis e Freideg den Owend um Schachbriet. "Ech ka vill vun den Emotiounen, déi ech am Moment empfannen, net verschaffen", sot den Onakoyer der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. "Mä ech weess, datt mir eppes wierklech Bemierkenswäertes vollbruecht hunn."

An der Nuecht op e Freideg wier hien drop an dru gewiescht, opzeginn, sou den Onakoya weider. "Mä Nigerianer sinn aus der ganzer Welt ugereest. A si waren déi ganz Nuecht bei mir. Mir hunn zesumme gesongen a gedanzt an ech konnt si net einfach hänke loossen."

Den Tunde Onakoya huet 2018 an der nigerianescher Stad Ikorodu bei Lagos de Projet "Schach a Slums" an d'Liewe geruff. D'Initiativ riicht sech u Kanner a Jugendlecher an der Regioun, déi dacks net an d'Schoul kënne goen a schaffe mussen, fir hir Familljen z'ënnerstëtzen.

Den nigerianesche President Bola Ahmed Tinubu huet dem Onakoya zu sengem Rekord gratuléiert a säin "Talent" a säi "Mutt" gelueft. D'Zil vum Onakoya ass et, duerch säi Weltrekord eng Millioun Dollar fir benodeelegt Kanner an Afrika ze sammelen.