Sechs Stonne laang huet d'Ekipp aus dem italieenesche Restaurant vun Esch un dëser Pizza geschafft, éier se virgestallt an dono giess gouf.

En italieeneschen Restaurant zu Esch, deen zu den Top 50 Pizzeriaen aus Europa gehéiert, gëtt sech och mat dëser gudder Plazéierung net zefridden. Et sicht een nei Erausfuerderungen, wéi zum Beispill eng Pizza ze baken, wéi méi wéi 100 Meter huet. An do muss alles séier goen. Schonn um 8 Auer e Samschdeg de Moie waren dräi Pizzaiolaen a vill Fräiwëlleger am Asaz, fir déi riseg Margherita fäerdeg ze kréien.

An engem Rhytmus vu 5 Minutte ginn d'Pizzaen op d'Dëscher bruecht, um 10 Auer ware et schonn 30 Meter. Mat wat brauch een fir esou eng riseg Pizza? 1 Tonn Deeg, 500 Kilogramm Tomatenzooss a 500 Kilo Mozzarella. Um Schluss war d'Zil erreecht: 101 Meter laang gouf d'Pizza.

An der Mëttesstonn huet dëse Rekord besonnesch d'Passanten an der Escher Foussgängerzon gefreet. Well no der viller Aarbecht an natierlech dem Vermoossen ass et un d'Iesse gaangen. Vill vun de Foussgänger hu sech et net huele gelooss an et huet hinne gutt geschmaacht. No kuerzer Zäit war du kee Stéck vun der 101-Meter-Margherita-Pizza méi ze kréien.