Gutt 4 an en halleft Joer no sengem Doud ass de Vestiairesschaf vum amerikanesche Basketstar Kobe Bryant fir bal 3 Milliounen Dollar versteet ginn.

D'Startoffer vu Sotheby's fir de Spind, deen de Bryant wärend senger laanger Karriär bei den LA Lakers am Staples Center benotzt huet, louch bei 750.000 Dollar. Et ass dat drëttdeierst Erënnerungsstéck un de Kobe Bryant, wat bis elo versteet gouf. Virdrun ware schonn zwee Trikoten vum Basketspiller fir 5,6 Milliounen an 3,69 Milliounen Dollar verkaf ginn.

Den NBA-Star war am Januar 2020 bei engem Helikopteraccident ëm d'Liewe komm.