D'Stengeforter Spidol huet dem neie Grand-Duc eng "Poterbänk" geschenkt, wéi der scho véier bei hinne stinn.

Eng Bänk als Kaddo fir den neie Grand-Duc. Op den éischte Bléck kléngt dat villäicht ongewéinlech ma et ass d’Symbolik hannendrun, déi dem Stengeforter Spidol um Häerze läit. "Poterbänk" nennt sech hiren inklusive Projet. Véier där Bänke stinn zanter mëttlerweil zwee Joer am HIS, dem Hôpital Intercommunal Steinfort. Eng 5. gouf zanter August an Zesummenaarbecht mam Stengeforter Jugendhaus bemoolt a soll deemnächst zu Colmer Bierg am Park hir Plaz fannen.
"Mir hoffen, dass (den neie Grand-Duc) se nëtzt, fir ze poteren a mir sinn och alleguerte mat eise Residentë gäre bereet, fir emol bei en ze kommen, fir mat him op der Bänk ze poteren", esou de Sammy Wagner, President vum Syndicat a Stengeforter Buergermeeschter.