De Lëtzebuerger, deen d'Leit uechter d'Welt verzaubert

© Christian Lavey
Am Büro sëtzen, ëmmer déi selwecht Stonne schaffen an op Routine vertrauen? Fir de Christian Lavey zënter der Pandemie keng Optioun méi.
Virun e puer Joer, wärend der Corona-Pandemie, huet de Lëtzebuerger Christian Lavey säi Liewen op d'Kopp gehäit. Den Educateur mat engem feste Salaire wollt eng aner Richtung aschloen an der Konscht nogoen, déi hie schonn als Kand passionéiert huet: d'Zauberei.
Vum eegene Bop inspiréiert
Alles huet an der Kandheet ugefaangen, wéi de Christian Lavey déi éischt Tricke vu sengem Bop geléiert huet. Viru méi wéi 15 Joer ass hien eng éischte Kéier fir e Kannergebuertsdag engagéiert ginn. Haut ass de fréieren Educateur als professionellen Zauberer uechter d’Welt ënnerwee an iwwerzeegt säi Public virun allem mat raffinéiertem Mentalismus.
"Léien ass et net", sou den Zauberer, "ech géif et als Täuschung bezeechnen. Ech ginn de Leit gären d'Gefill, dass ech weess u wat si denken, zum Beispill wéi eng Zuel si gewielt hunn. Et geet do awer méi ëm d'Interaktioun – d'Persounen observéieren an hir Kierpersprooch liesen."
Och wann ee vill Inspiratioun am Internet fënnt, bleift d’Geheimnis an d'Illusioun wichteg. De sougenannten "Zaubererkodex" gëtt an der Communautéit eescht geholl. Nei Tricker ginn also duerch Austausch mat Zauberer-Kolleegen op Foiren, Kreativitéit an Experimenter entdeckt a geléiert – an dat mécht och de Beruff esou spannend an ofwiesslungsräich. Et misst ee sech ëmmer weider entwéckelen. Munch Tricker funktionéieren einfach net mam Public, anerer musse bësse verännert ginn. Dem Christian Lavey geet et drëms ze begeeschteren an de Public ze faszinéieren. An dat geet mat ganz einfachen Tricken, wéi och mat Illusiounen, wou méi Opwand dohannert stécht.
Vu klengen Tricker zum Weltenbummler
Mëttlerweil ass de Christian Lavey zënter véier Joer selbststännegen Zauberer. Säin Doheem huet hien hei zu Lëtzebuerg an trëtt och heiansdo mol nach op Kannergebuertsdeeg op, mee net nëmmen. Iwwert säin Agent gëtt de Lëtzebuerger weltwäit gebucht a suergt reegelméisseg op Croisièresschëffer fir Staunen an Entertainment. An esou ass hien ëmmer rëm fir e puer Wochen um Stéck an den ënnerschiddlechste Regioune vun der Welt ënnerwee – vun der Arktis bis Australien. "Dat hätt ech ouni dëse Beruff alles ni erlieft."

© Christian Lavey
Reegelméisseg hëlt hien och kleng Statisterollen an der Filmindustrie un. Kierzlech, wéi hie vun engem Dréi aus Frankräich zeréck op Lëtzebuerg gefuer ass, huet hie sech dat nach eng Kéier bewosst gemaach: "Ech hu gesinn, wéi all déi Leit op der anerer Säit vun der Autobunn am Stau stoungen. Déi haten zwar deck an deier Autoen, mee ech froe mech, ob si wierklech esou zefridde mat hirem Liewe sinn. An do schätzen ech meng Decisioun a mäi Beruff nach vill méi."
Hien ass iwwerzeegt: "Et sollt ee sech méi dacks drop konzentréieren, wat engem wierklech Spaass mécht. Schliisslech verbréngt een e groussen Deel vum Liewen op der Aarbecht."
Besonnesch bei der jonker Generatioun gesäit hien eng positiv Entwécklung: Ëmmer méi Leit leeë Wäert op eng Work-Life-Balance. Wat vu munch Eelere kritiséiert gëtt an och mol als faul ofgestempelt gëtt, kann de Christian Lavey nëmmen ënnerstëtzen. Also wisou net Zauberer ginn oder aner Dreem verwierklechen an dat maachen, wat ee wierklech erfëllt.
Fir de Christian Lavey ass d’Zauberei vill méi wéi eng Aarbecht: et ass eng Liewenshaltung. Mat Tricken an Illusiounen zaubert hien de Leit e Laachen a Staunen an d’Gesiicht an hie weist gläichzäiteg, datt et sech lount, Courage ze hunn an den eegenen Dreem nozegoen.