DNA-Test gëtt Opklärung zu zwee verwiesselte Bëbeeën – 35 Joer méi spéit

© (Envato / christyhermogenes)
Am Oktober 1990 sinn zu Graz an Éisträich zwee Meedercher op d'Welt komm – dobäi ass dem Spidol e Feeler ënnerlaf a si hu béid Bëbeeë matenee verwiesselt.
Mat engem DNA-Test konnt elo, 35 Joer méi spéit, dëst Mëssverständnes opgekläert ginn. Wéi déi mëttlerweil erwuesse Fraen op der Tëleeschaîne ORF erkläert hunn, hätte si sech virun e puer Woche kennegeléiert an dobäi och hir eigentlech leiflech Eltere getraff.
Opgefall war de Verdacht vun enger Verwiesslung eng éischte Kéier no enger Bluttspend am Joer 2016, wou sech erausgestallt huet, datt d'Bluttgrupp vun enger vun den zwou Fraen net mat där vun den Elteren iwwereneegestëmmt huet. Trotz engem groussen Opruff konnt deemools dat anert Kand net fonnt ginn. Déi aner Fra ass elo réischt virun e puer Woche selwer vun der Verwiesslung gewuer ginn, well si wéinst der Schwangerschaft e Blutttest gemaach hat. Duerno huet si déi aner Fra kontaktéiert, éier en DNA-Test elo déi definitiv Opklärung bruecht huet.
"Mir bedaueren ze déifst, datt et deemools zu dësem Feeler komm ass", heescht et vum Spidol zu Graz an engem Communiqué. Béid Frae gesinn dës ongewéinlech Decouverte éischter positiv. Wärend déi eng Fra vun engem "onbeschreiflech gudde Gefill" schwätzt, fënnt déi aner et "grujeleg a gläichzäiteg schéin".