Bauchfräi-Verbuet a Schoul virop emol zréckgezunn

© Image Pexels / Zen Chung
Zu Sömmerda hat d'Schouldirektioun bauchfräi Kleedung verbueden. No 3 Deeg gouf d'Uweisung awer rëm zréckgezunn. Trotzdeem ass d'Theema nach net vum Dësch.
An enger sougenannter "Reegelschoul" zu Sömmerda an Thüringen goufe fir den Ufank vum neie Schouljoer bauchfräi Kleeder verbueden. Dat hat d'Direktioun kuerz nom Enn vun der Summervakanz per "Uweisung" de Kanner a Jugendleche matgedeelt - eng Instruktioun, déi fir vill Kritik gesuergt huet. Dräi Deeg méi spéit gouf d'Verbuet opgehuewen, soll awer nach eng Kéier debattéiert ginn.
Wéi de Spiegel schreift, hätt d'Schouldirektesch vun der "Salzmannschule", d'Antje Koch, entspriechend Meldunge confirméiert, nodeems "d'Thüringer Allgemeine" fir d'éischt iwwer de Fall geschriwwen hat. Deemno wiere virdrun eng Rei Jugendlecher wéinst hirer Kleedung gemobbt ginn.
Wéinst de Mobbingfäll wier dunn déi nei Kleederuerdnung mam Verbuet vun der Proffekonferenz decidéiert ginn. Deemno sollt den "Uewerkierper vu Schëllerhéicht bis den Ënnerkierper, Mëtt Uewerschenkel" ëmmer bedeckt sinn. Esou wollt d'Schoul hirer Verflichtung fir de Kannerschutz nokommen, huet d'Direktesch weider betount.
Vum Educatiounsministère vun Thüringen hätt een iwwerdeem matgedeelt kritt, datt keng weider esou Fäll am Fräistaat bekannt wieren an et keng Recommandatiounen an där Hisiicht géing ginn. "Mir si bis ewell gutt domat gefuer, datt d'Schoulen dat direkt klären." Wichteg wier, datt d'Schüler an hire Fräiheetsrechter net ze staark limitéiert sinn. Doriwwer eraus wier et och wichteg, datt esou eppes an der Schoul beschwat géing ginn. Wat awer sécher verbuede wier, wiere Kleeder mat Zeeche vun Organisatiounen, déi géint d'Verfassung verstoussen.
Enn August soll d'Kleederuerdnung zu Sömmerda awer nach eng Kéier an der Schoulkonferenz diskutéiert ginn. Hei sinn nieft dem Schoulpersonal och Schüler- an Elterevertrieder dran.