1. OktoberHaut ass den internationalen Dag vum Kaffi - Maacht mat bei eiser Ëmfro

Andy Brücker
Wéi vill Tase Kaffi drénkt Dir dann all Dag? Oder drénkt Dir éischter Téi?
© Farknot (Envato)

Fir vill Leit gehéiert en zum Start an den Dag einfach dozou: de Kaffi. Ob Espresso, Cappuccino, Latte Macchiato oder ganz klassesch schwaarz, den 1. Oktober steet all Joer am Zeeche vum Kaffi. D'International Coffee Organization (ICO) hat 2014 decidéiert, den Dag weltwäit op dësem Datum ze feieren.

Zanter dësem Joer huet den Dag nach eng méi offiziell Bedeitung: Den 10. Mäerz 2026 hunn d'Vereenten Natiounen den 1. Oktober offiziell als International Coffee Day unerkannt.

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.

Dobäi geet et awer ëm méi wéi just ëm d'Freed un enger gudder Taass Kaffi. De Weltkaffisdag soll och op déi Millioune Mënschen opmierksam maachen, déi vum Kaffisubau a vun der Kaffisproduktioun liewen, an op Theme wéi fair Aarbechtskonditiounen, Nohaltegkeet an d'Suitte vum Klimawandel. D'UNO schwätzt vu bis zu 25 Millioune Bauerefamillen, déi ronn 80 Prozent vum Kaffi weltwäit produzéieren.

Fir 2026 steet d'Campagne vun der ICO ënnert dem Motto"Coffee is Part of the Solution". De Fokus läit dobäi op der Roll, déi de Kaffissecteur bei enger nohalteger wirtschaftlecher a sozialer Entwécklung spille kann.

Back to Top
CIM LOGO