Deen Déifstall hat net esou geklappt, wéi geplangt: Zu Berlin war et 4 maskéierte Männer net gelongen, e Bankomat mat enger Sakkärchen ofzetransportéieren.

E Freideg den Owend sollen der Berliner Police no véier Männer probéiert hunn, e Bankomat ze klauen. En Aenzeie soll gesinn hunn, wéi d'Männer mat Geschier an eng Bankfilial an der Muskauer Strooss am Quartier Kreuzberg agebrach sinn.

Den Déifstall hätte si awer missen ofbriechen, well et hinnen net gelonge war, de Bankomat mat enger Sakkärchen ofzetransportéieren. Den Aenzeien hätt den Noutruff geruff, d'Police ermëttelt.