Um Televisiounsprogramm vum däitschen RTL waren de Peter Kloeppel an d‘Ulrike von der Groeben bis leschte Freideg zënter iwwer 30 Joer all Dag ze gesinn.

Déi Zwee kennt een

D‘Ulrike von der Groeben, mam Meederchersnumm Ulrike Elfes, hat hir Carrière zu Lëtzebuerg Mëtt der 80er Joren als Stagiaire beim däitschen RTL-Radio ugefaangen. Dono war et d‘Telé mam RTL-Plus-Moies-Magazine "Guten Morgen Deutschland“. Se kënnt nach reegelméisseg an d‘Land bei d‘Kolleegen vun deemools.

De Peter Kloeppel ass zënter 32 Joer Anchorman vun den Noriichten op RTL. Hien hat 1985 am Studio Bonn ugefaangen a war Ugangs den 90er Joren den éischten USA-Korrespondent vum däitsche Privatsender.

Hie war 10 Joer do Chef vun der Redaktioun, dee Posten huet hien ofginn, fir méi Fräiraum ze hunn., och fir seng zweet Heemescht d‘USA.

Et war och de Peter Kloeppel, deen um Dag vun 9/11 op RTL bal 8 Stonnen nonstop d‘Aktualitéit iwwert d‘Attentater zu New York live kommentéiert huet.

Do hate sech der zwee fonnt

Déi Zwee si beim däitschen RTL-Televisiounsprogramm esou fortgaangen, wéi mir se an all deene Joerzéngte virun der Kamera kannt hunn, an zwar zesummen.

Dës zwou RTL-Koryphäe si ganz einfach eriwwerkomm wéi e Binome. Se hunn déi perfekt Harmonie ausgestraalt. Se sinn och houfreg drop ze ënnersträichen, dass et och hannert de Kulisse grad esou harmonesch klappt.

Et schéinen einfach extreem sympathesch Zäitgenossen ze sinn. Am Interview mat den zwee war no engem "schéine Bonjour vu Lëtzebuerg" d‘Äis direkt gebrach. Et war e kollegiaalt Gespréich, ouni Zwang, ouni Filter.

Op ville Pläng si se Virreider

Dat war zënter ëmmer hir labber Manéier fir ze moderéieren. Se waren déi éischt Noriichtespriecher an Däitschland déi net steif hannert dem Dësch, mä sportlech virdru stoungen.

Och soss ware se hirer  Zäit dacks viraus. Beispill d‘Ulrike von der Groeben déi ge- a bewisen huet, dass och eng Fra bei Sportemissiounen a Sportsnoriichten kredibel ass. Vill aner Dammen op dätsche Sender soe Merci a kruten esou guer déi sakrosankt Männerdomaine Futtball geknackt.

De Peter Kloeppel war schonn an den 80er Joren faszinéiert, dass mam Ulrike, deemools nach mam Familljennumm Elfes, eng Fra mat Kompetenz Futtball moderéiert huet.

D‘Plaz vu Journalismus an engem jonke, wëllen an deels chaotesche Sender, dee virun allem anescht wëll sinn a Spaass wëll vermëttelen. Déi Plaz war séier fonnt, well se vun Ufank un net a Fro gestallt gouf, esou de Peter Kloeppel.

Een Televisiounsprogramm, egal wéi grouss de Volet Entertainment am Programm ass, brauch eng Noriichtenemissioun. Et war ebe grad d‘Mëschung aus Ënnerhalen a Informéieren déi gutt bei de Spectateuren ukomm ass. Se haten déi méi fuerweg Säiten an déi méi eescht. D‘Konzept ass opgaangen.

Dass d‘Spectateuren déi zwee doheem uschalten a suivéieren, ass fir allebéid een Optrag an d‘Confirmatioun dofir, dass dat, wat se maachen a wéi si et maachen, richteg ass, esou de Peter Kloeppel. D‘Ulrike von der Groeben begréisst an deem Kontext, dass sech d‘Beléiftheet vun deenen zwee iwwer Generatioune vu Spectateure streckt. Vill Leit si ganz einfach mat dëser RTL-Koppel grouss ginn.

Televisioun an de modernen Zäiten

Mat der neier „Konkurrenz“ aus Internet a soziale Medien gëtt den Informatiounsfloss ëmmer méi grouss an och méi séier. Et misst een et awer och als Chance gesinn, mengt d‘Ulrike von der Groeben. Grad elo wiere vill Leit mat dëser Informatiounsflut zum Deel och iwwerfuerdert a wann et nëmmen ass, well se net méi genuch Zäit am Alldag hunn, fir alles ze sënneren. Do wier et enorm wichteg, dass et onofhängeg Noriichte gëtt fir déi am Hannergrond geschafft a recherchéiert gëtt.

Grenz tëscht Informatioun a Meenungsbildung

Déi ass wichteg a muss sinn, seet de Peter Kloeppel. An engem Format wéi RTL-Aktuell geet et drëm, Informatiounen ze ginn. D‘Meenunge solle sech d‘Spectateure selwer maachen. Et misst een och ëmmer eng kloer Trennung tëscht Informatioun a Commentaire maachen

Et gëtt elo awer ëmmer méi Sujeten, déi Reaktiounen a Schwaarz oder Wäiss ausléisen, deels esou guer Haass. Wéi soll sech de Journalist do positionéieren? Do waren déi zwee sech direkt eens, dass et net um Journalist ass sech ze positionéieren. D‘Missioun wier, objektiv ze informéieren an déi verschidde Voleten a Meenungen ze beliichten. Et wéilt een och net just Schwaarz oder Wäiss vermëttelen, méi all déi verschidden Téin vu Gro dotëscht. Et géif méi dees Groe ginn. Schwaarz oder Wäiss géif meeschtens vun deenen an d‘Vitrinn gestallt, déi mengen, se hätten d‘Wourecht gepacht.

Weder d‘Ulrike von der Groeben nach de Peter Kloeppel bereien, de Wee vum Journalismus gaangen ze sinn.