20 Meter laangen Dinosaurier a Spuenien fonnt

© Image Envaro / FamilyStock (Symbolbild)
A Spuenien hu Wëssenschaftler eng bis ewell nach onentdeckten Dinosaurieraart fonnt an "Qunkasaura pintiquiniestra" gedeeft.
Den Numm ass en Hommage un den Dichter aus der Regioun an un d'Plaz, wou d'Skelett entdeckt gouf. Den Dinosaurier misst 20 Meter laang an ëm 15 Tonne schwéier gewiescht sinn. De Planzefriesser mat laangem Hals huet virun ongeféier 75 Millioune Jore gelieft, sou d'Fuerscher am Bericht an der Fachzeitung "Nature Communications Biology".
Déi bis ewell onentdeckten Aart kéint Opschloss iwwer d'Dinosaurier kuerz virun hirem Ausstierwe virun ongeféier Millioune Jore ginn. Et géif weisen, dass, anescht wéi bis ewell gemengt, um Enn vun der Kräidzäit sougenannten Titanosaurier an Europa agewandert sinn, déi e Lien mat asiateschen an nordamerikaneschen Dinosaurier hunn.