Iwwert e Buch wat einfach net fäerdeg gëtt, d'Rumeuren iwwert Alkoholkonsum, e Kuss vum Donald Trump a säin Talent als Dirigent geet rieds.

Mat 69 Joer kann de Jean-Claude Juncker op en erfëllte politescht Liewen zréckkucken. De Réidener huet vun 1995 bis 2013 als Premier d'Geschécker vum Land geleet an duerno war hien och nach vun 2014 bis 2019 Europäeschen Kommissiounspresident. Wat si seng Hobbyen, wéi kuckt en zréck op Meetinge mat Kohl, Trump, Putin a Mario Barth a wéi kritt hie seng Zäit elo ëm?

Alles dat huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten an engem labberen Interview verroden. Do gi mer dann och gewuer, dass en e Buch ganz ouni Ghostwriter schreift, wat eigentlech schonn 2021 an den Drock goen, ma et wier nach ëmmer net fäerdeg. Op d'Fro, ob en och iwwer Lëtzebuerg géif schreiwen, war et d'Ausso:

"Iwwer Lëtzebuerg schreiwen ech eng Kéier, ma da mussen nach virdrun e puer Leit stierwen."

De Jean-Claude Juncker huet eis dann och nach verroden, dass hien als Schüler zwee mol e Streik organiséiert hat. Eng Kéier fir géint en obligatoresch Mass ze demonstréieren, an eemol well se net méi zeréck an de Klassesall wollten.

Eng Destinatioun wou de fréiere Premier ëmmer emol wollt hin ass Neiséiland. En huet et awer just bis an Australien gepackt a géif d'Rees an Neiséiland och elo net méi nohuelen, well e mat vill Réckwéi geplot ass. Dee staamt iwwregens aus engem Autosaccident.

Déi englesch Press huet alt emol gär gemellt, de Jean-Claude Juncker hätt e Patt ze vill gedronk, wann e sech komesch gehalen huet. De fréieren EU-Kommissiounspresident huet et deemools net fir néideg fonnt eng Pressekonferenz ze halen, fir z'erklären, dass en extrem de Réck wéi hätt an d'Been dann heiansdo géifen aknécksen.

"Déi hu geschriwwen, ech géif moies 6 Cognace beim Kaffi drénken, an ech wier dauernd besoff,....Dat huet mech rose gemaach, dunn awer net méi. Meng Fra gëtt ëmmer nach rosen, wann dat gesot oder geschriwwe gëtt, mä ech sinn doriwwer ewech." 

Ongeféier 30 Joer laang gouf dann och gesot, de Jean-Claude Juncker wier den Dag virdru gescheet ginn... e fënnt, dass et an der Scheedung gutt ausgehalen huet. Och Affäre krut en der nogesot... op d'Fro, ween dann do op der Lëscht stoung war et déi kuerz a knapp Äntwert: "dat geet Iech näischt un".

Mir kruten dann och verroden, dass de Jean-Claude Juncker ëmmer Dirigent wollt ginn. Et wier ee vu senge Beruffswënsch gewiescht. Wéi eng Kapell him dann eng Kéier säi Liiblingsmarche "Salut à Luxembourg" gespillt huet, huet den Här Juncker et sech dann och net huele gelooss, selwer den Dirigentestaf an de Grapp ze huelen.

"Dat kann ech dirigéieren. Dat kann de beschten Dirigent vun der Militärmusek net sou gutt maache wéi ech."

De Jean-Claude Juncker huet dann och erzielt wéi en den Udo Jürgens kennegeléiert huet, an dass si sech géigesäiteg ganz gär haten. En hat och fir säin 80. Gebuertsdag nach mat ëm telefonéiert... puer Wochen duerno wier e verstuerwen.

Bei e sëllegen offizielle Rendez-vousen ass opgefall, dass de Jean-Claude Juncker och alt emol méi onkonventionell begréisst huet. Sief et mat enger klenger Tape an d'Akaul, oder awer mat engem Kuss, wa se sech anstänneg beholl hunn. Virun enger Rees an d'USA fir schwiereg Gespréicher iwwer Handelssträit mam deemolege President Donald Trump hat dem Jean-Claude Juncker seng Fra gesot: "du wäers mer dee jo net këssen". Du koum et awer dozou, dass den Trump de Juncker gekësst huet...an déi Foto huet dunn och den Tour gemaach, wat de Jean-Claude Juncker bei senger Fra an Erklärungsnout bruecht huet.

Dës an nach vill aner Anekdoten aus der laanger politescher Karriär vum Jean-Claude Juncker kënnt Dir e Sonndeg tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren, oder elo schonn op RTL Play. 

RTL-Afterwork: mam Jean-Claude Juncker