Och wann et zu Lëtzebuerg keng traditionell Bräich fir Pappendag gëtt, war et d'Geleeënheet fir Merci ze soen a wa méiglech Zäit zesummen ze verbréngen.

Ma och wann der vergiess hutt, datt haut Pappendag ass an Dir kee Kaddo hutt oder eng Aktivitéit geplangt, hutt Dir ëmmer nach Zäit un Äre Papp ze denken.

Pappendag zu Lëtzebuerg

Zanter Joerzéngte gëtt am Grand-Duché um éischte Sonndeg am Oktober Pappendag geféiert. Och wann de Pappendag kee reliéisen Hannergrond huet an et zu Lëtzebuerg, anescht wéi a villen anere Länner, keng Traditioune ginn, kommen och hei am Land d'Familljen zesummen a verbréngen Zäit mat hire Pappen oder gedenken deenen, déi verstuerwe sinn. Eng Traditioun, déi et och zu Lëtzebuerg gëtt, ass d'Bastele vu klenge Kaddoen an de Schoulen. Vu Fotoen iwwer Gebasteltes bis zu Lidder oder Gedichter, all Joer dierfe sech d'Pappen iwwert e selwer gemaache Kaddo an e Ständche vun hire Léifste freeën.

RTL

© Envato Media_photos

Pappendag an anere Länner

Beim Datum vum Pappendag steet Lëtzebuerg international zimmlech eleng do. Wärend an deene meeschten Deeler vun der Welt um drëtte Sonndeg am Juni gefeiert gëtt, esou zum Beispill bei eis franséischen Noperen, ass Lëtzebuerg dat eenzegt Land, dat um éischte Sonndeg am Oktober feiert. An Däitschland fält Pappendag traditionell op Christi Himmelfaart, iwwerdeems an der Belsch um zweete Sonndeg am Juni d'Pappe gefeiert ginn.

Traditiounen uechter d'Welt

Frankräich

1950 gouf et a Frankräich den éischte Pappendag, 1952 gouf deen dann op den drëtte Sonndeg am Juni fixéiert an offiziell vum Feierdag gemaach. Wéi och zu Lëtzebuerg kréien d'Pappen hei kleng Kaddoe vun hire Kanner. Pappendag a Frankräich hat iwwregens e reng kommerziellen Ursprong.

Belsch

An der Belsch ass de Pappendag eng Woch méi fréi wéi a Frankräich an dofir och kee Feierdag. Dat awer och net iwwerall, well an der Regioun ronderëm Antwerpen ass dësen den 19. Mäerz, den Dag vum hellege Josef. Och d'Finnen, d'Portugisen an d'Italiener feieren um Josefdag hire Pappendag.

Däitschland
 
Esou wéi si, feiert et keen... Bei eisen Noperen ass dësen Dag op Christi Himmelfaart. A ville Regiounen an Däitschland gëtt dësen Dag och nach als "Herrentag" oder "Männertag" bezeechent. Dowéinst och maachen déi däitsch Pappen op deem Dag ganz gären eng "Herrentagspartie". D'Pappe bleiwen also ganz gären ënnert sech a gi spadséieren, woubäi si ëmmer eng staark "Stäerkung" dobäi hunn, ganz dacks a Form vu Béier oder anerem alkoholeschem Gedrénks. De Brauch geet iwwregens op d'Enn vum 19. Joerhonnert zeréck.

RTL

© Pixabay Couleur

Holland

Wéi a Frankräich feiert ee Pappendag an Holland um drëtte Sonndeg am Juni. Hei bréngen d'Kanner dem Papp de Kaffi Moies un d'Bett a schenken hirem Papp e richtege "Männerkaddo".

Schwäiz

Hei gouf Pappendag éischter vu Migranten aus Däitschland gefeiert oder eben nach dacks an de Grenzregiounen. Ma Traditioun huet Pappendag an der Schwäiz net. 2007 gouf et verschidde regional Feieren an 2009 gouf den Dag op den éischte Sonndeg am Juni fixéiert. Et ass awer kee Feierdag, mä e "Fest- und Aktionstag".