Mann geheit Harddisk mat Bitcoins am Wäert vun iwwer 500 Milliounen Euro ewech

© Afp
Den Ierger bei engem Mann a Wales ass grouss. Viru knapps 10 Joer huet hien duerch ee Mëssel een Harddisk ewechgeheit, op deem 8.000 Bitcoins waren.
Well den James Howell iwwerzeegt ass, datt den Harddisk nach ëmmer op der kommunaler Deponie läit, wëll hien do duerno siche loossen. De Problem ass: D'Stad refuséiert dat.
Wéi d'Online-Portal "Wales Online" mellt, verklot de verzweiwelten 39 Joer ale Mann elo d'Gemeng Newport op eng Zomm vu 495.314.800 Pond (ëmgerechent eng 591.799.911 Euro). D'Zomm baséiert op de geschate Wäert vun den 8.000 Bitcoins um Ufank vum Joer. An engem Gespréich mat der Publikatioun sot den James Howell, hie wéilt mat der Klo Beweegung an den Dossier bréngen, deen elo schonn zanter bal 10 Joer leeft.
Hie wier bereet, d'Käschte fir d'Duerchsiche vun der Deponie vu bal 10 Millioune Pond selwer ze droen, an der Gemeng esouguer een Undeel vun 10 Prozent ze ginn, wann d'Bitcoins fonnt géife ginn. Wann d'Gemeng senger Demande 2013 schonn nokomm wier, "da géif dës Plaz elo ausgesi wéi Las Vegas. Newport géif wéi Dubai ausginn", esou den James Howell "Wales Online" géigeniwwer.
D'Gemeng seet eng Sich vun der Deponie wier aus ëmwelttechnesche Grënn awer net méiglech.
Den Harddisk ass op der Deponie gelant, nodeems den James Howell 2013 de falschen Disk an eng Poubellestut gepaakt hat, déi seng deemoleg Partnerin dunn op de Recyclingszenter bruecht huet.