Japanesche Wiederdéngscht confirméiertKiischtebléi zu Tokio huet en Donneschdeg offiziell ugefaangen

RTL mat AFP
Zu Tokio huet en Donneschdeg d'Kiischtebléi offiziell ugefaangen, nodeems de japanesche Wiederdéngscht d'Opbléie vum Yoshino-Bam confirméiert huet.
D'Saison vun der Kiischtebléi 2026 huet offiziell den 19. Mäerz ugefaangen, nodeems 61 oppe Käpp um Yoshino-Bam gezielt goufen.
D’Saison vun der Kiischtebléi 2026 huet offiziell den 19. Mäerz ugefaangen, nodeems 61 oppe Käpp um Yoshino-Bam gezielt goufen.
© KAZUHIRO NOGI/AFP

An der japanescher Haaptstad Tokio huet d’Saison vun der beléifter Kiischtebléi offiziell ugefaangen: “Haut gouf d’Opbléie vum Yoshino-Kiischtebam observéiert”, sou de japanesche Wiederdéngscht en Donneschdeg an enger mat Spannung erwaarter Matdeelung.

Den Ufank vun der Kiischtebléi zu Tokio gëtt offiziell annoncéiert, soubal sech un engem bestëmmte Kiischtebam beim Yasukuni-Schräin op d’mannst fënnef Käpp opgemaach hunn. Schonn en Donneschdegmoien hate lokal Reporter iwwer Dosende vu rosa Blieder um Bam bericht.

Fir déi offiziell Ukënnegung sinn zwee Vertrieder vum Wiederdéngscht virun d’Journaliste getrueden an hu se gezielt. No e puer Minutten huet ee vun hinnen dunn ënner Applaus matgedeelt, datt sech schonn 61 Käpp opgemaach hätten.

D'Kiischtebléi zu Tokio huet offiziell ugefaangen
Zu Tokio huet en Donneschdeg d’Kiischtebléi offiziell ugefaangen, nodeems de japanesche Wiederdéngscht d’Opbléie vum Yoshino-Bam confirméiert huet.

Eng Spectatrice bei der Zeremonie beim Yasukuni-Schräin sot, den Ufank vun der Kiischtebléi géif Hoffnung an Zäite vum Krich bréngen. Wärend der Saison profitéieren traditionell vill Awunner, fir an de Stater Parken ze picknicken.

Dem Wiederdéngscht no huet d’Kiischtebléi dëst Joer fënnef Deeg méi fréi ugefaangen, ewéi am laangjäregen Duerchschnëtt, deen op de 24. Mäerz fält. Wéinst den zanter Mëtt Februar ongewéinlech doucen Temperature war eng méi fréi Bléi erwaart ginn, esou e Vertrieder vum Wiederdéngscht géintiwwer der Noriichtenagence AFP.

De fréisten Ufank vun der Kiischtebléi gouf dem Wiederdéngscht no an de Joren 2020, 2021 an 2023 registréiert; deemools hunn d’Käpp sech jeeweils de 14. Mäerz opgemaach.

Back to Top
CIM LOGO