Lëtzebuerg gehéiert weiderhin zu de glécklechste Länner op der Welt, dat op d’mannst dem “World Happiness Report 2026” no, bei deem de Grand-Duché op déi néngte Plaz kënnt. Nordesch Länner sinn an der Ranglëscht och dëst Joer nees zu engem groussen Deel mat vir bäi: Finnland steet op der éischter Plaz, duerno kommen Island, Dänemark a Costa Rica.
Schweden an Norwegen stinn u fënnefter, respektiv sechster Plaz. Holland, Israel, Lëtzebuerg an d’Schwäiz komplettéieren d’Topp Zéng. Op der 147. a leschter Plaz steet Afghanistan.
De Rapport baséiert sech op de Leit hier eegen Aschätzung, wat Zefriddenheet mat der Liewensqualitéit ugeet. D’Ranglëscht baséiert op Moyennen aus de Joren 2023 bis 2025 a bleift trotz globalen Erausfuerderunge gréisstendeels stabil.
Firwat sinn ëmmer d’Finne vir? E kanadesche Wëssenschaftler, deen um Rapport matgeschafft huet, mengt ënnert anerem, datt Saachen zesummen ënnerhuelen d’Leit glécklech mécht. Sauna an Äisbuede wäre gutt Beispiller. Dat wär kierperlech ustrengend a géif villäicht extra gutt zesummeschweessen.
Nieft der klassescher Ranglëscht konzentréiert sech de Rapport vun 2026 staark op den Zesummenhang tëscht Soziale Medien an dem Wuelbefannen, dat virun allem bei jonke Leit. D’Analys weist, datt d’Liewenszefriddenheet am héchsten ass bei deenen, déi wéineg op de Soziale Medien ënnerwee sinn an erof geet, wat dës méi genotzt ginn.
D’Auswierkunge si besonnesch a Westeuropa an an engleschsproochege Länner ze observéieren, wou d’Zefriddenheet vu Jonken am Verglach zu fréiere Joerzéngten zeréckgaangen ass. Donnéeë weisen, datt Jugendlecher, déi méi wéi siwe Stonnen den Dag op Soziale Medie verbréngen, e kloer méi niddregt Wuelbefannen hu wéi déi, déi manner wéi eng Stonn online sinn.
Dësen Effekt ass virun allem bei Meedercher markant, sou de Rapport.
D’Fuerscher kommen zum Schluss, datt intensiivt Notze vu Soziale Medie reell Risike mat sech bréngt an ënner anerem zu Depressioun, Stress an negative soziale Vergläicher féiere kann. Gläichzäiteg gëtt betount, datt dëst net deen eenzege Faktor fir de Réckgang vum Wuelbefannen ass.
Eng wichteg Roll spillt och den Opbau vun de Plattformen: Kommunikatiounsorientéiert Servicer ginn éischter mat positiven Effekter verbonnen, wärend Algorithmus-gesteiert Inhalter méi dacks mat enger niddreger Liewenszefriddenheet zesummenhänken.
Am Grousse Ganze weist de Rapport, datt Länner wéi Lëtzebuerg zwar weiderhi ganz gutt ofschneiden, mee gläichzäiteg och mat reelle Risike konfrontéiert sinn.
De Welt-Glécksrapport gëtt all Joer ronderëm de Weltglécksdag publizéiert. Dee fält dëst Joer op den 20. Mäerz.