Clienten hu missen a Bayern an enger Bank schlofen

© AFP Archivbild
Dräi Deeg laang hu sech d'Diere vun enger Bank am bayresche Pfronten automatesch gespaart. Dräi Deeg laang waren awer och allkéiers Clienten agespaart.
A Bayern sinn d'Clientë vun enger Bank aus Versinn agespaart ginn. Geschitt ass dat Ganzt opgedeelt op dräi Owender, respektiv Nuechten - Freideg, Samschdeg a Sonndeg - an enger Bank zu Pfronten am Landkrees Ostallgäu.
D'Dieren an och d'Entréesdier sinn net méi opgaangen. Dës sinn automatesch gesteiert a gi vun engem aprogramméierten Zäitpunkt un zou. Op gi se den aneren Dag um 6 Auer. Domm ass just, wann zu deem Zäitpunkt nach Clienten dobanne sinn.
De Gros vun de Leit e Freideg an e Samschdeg konnt allkéiers direkt befreit ginn. Se hu moies missen maximal bis zu zwou Stonne waarden, hu fir ee jonke Mann vun 20 Joer e Sonndeg missen d'Pompjeeën ausrécken. Hie wier soss iwwer fënnef Stonne laang an engem klenge Raum agespaart gewiescht. Mat Gewalt hätt d'Dier misse vun de Rettungsleit opgemaach ginn, fir de Mann ze befreien.