Den 31 Joer ale brittesche Sänger ass d'lescht Woch iwwerraschend vun engem Hotel-Balcon an Argentinien gefall a gestuerwen.

Nom Doud vum jonke Star beriichten eng Rei Medien elo iwwer d'Resultater vun engem éischten Toxikologie-Rapport, déi hinne vun anonymmen argentinesche Sourcen uvertraut gi wieren. Zum Zäitpunkt vu sengem Doud soll de Liam Payne deemno eng Rei Drogen a sengem Kierper gehat hunn.

Wéi dat amerikanescht Promi-Portal "TMZ" an "ABC News" mellen, gouf en Drogecocktail am Star sengem Kierper fonnt, deen op sougenannte "Pink Cocaine" schléisse léisst - eng Mëschung aus Methamphetamin, Ketamin an MDMA. Och Crack a Benzodiazepin wiere fonnt ginn.

D'Associated Press (AP) huet iwwerdeems gemellt, datt den Toxikologie-Rapport zwar Spuere vu Kokain gewisen hätt, awer datt den éischte Rapport nach keen Opschloss doriwwer ka ginn, wéi vill Drogen de bekannte Sänger zum Zäitpunkt vu sengem Doud am Blutt hat.

De Parquet zu Buenos Aires ermëttelt an dem Fall a konnt antëscht ausschléissen, datt eng aner Persoun an dem Liam Payne säin Doud kéint involvéiert gewiescht sinn. D'Autopsie vum 31 Joer ale Papp huet erginn, datt seng Doudesursaach d'Chute vum Balcon vum drëtte Stack war.

Am Liam Payne sengem Zëmmer haten d'Ermëttler och schonn Alkohol an eng Rei Droge fonnt. Well hie bei der Chute net probéiert hätt, sech virum Opprall ze schützen, wier et iwwerdeems méiglech, datt de jonke Mann just nach hallef oder souguer guer net méi bei Bewosstsi war, wéi hie gefall ass.