Fra houng stonnelaang kappiwwer an enger Fielsspalt - wéinst hirem Handy

© NSW Ambulance / Facebook
U sech wollt déi jonk Fra vun 23 Joer just hiren Handy retten, dono huet si selwer misse gerett ginn.
Si ass nämlech mam Kapp vir an eng enk Fielsspalt gefall a koum do vum selwen net méi eraus.
Geschitt ass dat Ganzt am australeschen Hunter Valley scho virun e puer Deeg, ma elo gouf de Virfall vum Rettungsservice op Facebook gepost.
D'Fra war mat engem Grupp Frënn op enger Wandertour an der Géigend vum australesche Laguna. Hiren Handy war an eng Fielspalt gefall an do wollt si en och nees erausfëschen. Dräi Meter goung et du kappiwwer erof. Si ass hänke bliwwen, siwe Stonne laang.
Haaptproblem, an där Géigend ass de Reseau immens schlecht, deemno hunn hir Begleeder missen op d'Sich no Reseau goen, ier si ëm Hëllef konnte ruffen. Bis deen éischte Secourist op der Plaz war, ass schonn eng Stonn vergaangen.
Verstäerkung huet misse geruff ginn, Material erbäigeschleeft ginn. De Wee mat agerechent, kënnt ee séier op e puer Stonnen.
Déi jonk Fra wier relativ gefaasst bliwwe wärend der ganzer Zäit mam Kapp no ënnen.
Vun Ufank un huet déi ganz Rettungsaktioun sech schonn als schwiereg erwisen. D'Fra houng quasi wéi an enger S-Kéier fest. Am Ganzen hu misse siwe Fielse mat engem Gewiicht tëscht 80 a ronn 500 Kilo ewechgeholl ginn, fir iwwerhaapt un déi Onglécklech ze kommen. E Kader huet zousätzlech misse gebaut ginn, fir ze verhënneren, dass Steng an de Koup falen.
"A mengen zéng Joer als Secourist hunn ech esou eppes nach net erlieft", sou de Peter Watts vun NSW Ambulance, dee fir Spezialasätz zoustänneg ass.
Déi jonk Fra huet hire Retter iwwer Social Media Merci gesot: Si wiere "Liewensretter, schued ëm den Telefon". Deen huet nämlech net iwwerlieft.