Vun der nächster Rentrée u sollen d'Studiegebühren op den techneschen Universitéite fir auslännesch Studenten an d'Luucht goen.

Am September huet d’Parlament dat néit Gesetz iwwer d’eidgenössesch Technesch Héichschoulen akzeptéiert. Den Text gesäit fir, datt Studenten, déi aus dem Ausland an d’Schwäiz studéiere kommen, mindestens 3 Mol méi héich Studiegebühren bezuelen, wéi déi, déi schonn am Land liewen. Dëst betrëfft souwuel d’ETH zu Zürech wéi och d’EPFL zu Lausanne. Bis de 16. Januar 2025 leeft den Delai fir e fakultative Referendum. Sollt dee bis dohin net ergraff ginn, decidéiert d’Regierung wéi an ab wéini d’Gesetz a Kraaft trëtt. Dëst géif deen Ament och d'Lëtzebuerger Studenten op dësen zwou Héichschoule concernéieren.

Studéieren an der Schwäiz kéint fir Auslänner däitlech méi deier ginn / Lynn Welter

Am Mäerz hat de Rot vun der ETH sech scho mat dësem Thema befaasst. Hien dierf onofhängeg vum Gesetz decidéieren, ob d’Studiegebühren fir Auslänner maximal dräi Mol méi héich solle sinn, ewéi fir s'Schwäizer Studenten. Deemools war den ETH-Rot dogéint an huet sech fir d’Gläichberechtegung vun alle Studenten an d’Diversitéit op den Unien agesat. Dës Faktore wieren opgrond vun engem Mangel u qualifizéierter Aarbechtskraaft och fir d’Schwäizer Wirtschaft wichteg.

Am Juli huet den ETH-Rot awer seng Meenung geännert. Bis am Dezember wëll hien decidéieren, ob d’Fraise fir auslännesch Studenten ab Hierscht 2025 sollen erhéicht ginn. Studenten, déi schonn ageschriwwe sinn, wieren net vun dëser Mesure betraff. Aktuell kascht ee Semester fir jidderee 780 €.

D’Studentevereenegungen vun den zwou Universitéite si géint dës Erhéijung. Si sinn der Meenung, datt déi zousätzlech Recettë kee groussen Afloss op de Budget vun den Unie wäerten hunn. Dës Decisioun kéint awer een negativen Impakt op d’Relatioun mat der EU hunn.